E puer Woche virum Start vun de Spiller hunn d‘Autoritéiten drastesch ugefaange Sans-abrien a Migrante vun de Stroossen ze verdreiwen.

Um Freideg ass offiziell d‘Ouverture vun der 33. Editioun vun den Olympesche Summerspiller, ewell schonns fir déi drëtte Kéier an der franséischer Haaptstad. Olympesch Spiller sinn allgemeng dacks vu ville Kontroverse begleet. Paräis ass do keng Ausnam. Protester, eng ugespaante politesch Situatioun a Mënschen déi zu Paräis verdriwwe ginn, dat ass déi aner Säit vun der olympescher Medail. 
 

Olympesch Spiller an hir aner Säit - Reportage Chris Meisch

E puer Woche virum Start vun de Spiller hunn d‘Autoritéiten drastesch ugefaangen, Sans-abrien a Migrante vun de Stroossen ze verdreiwen. D‘Olympesch Spiller stinn zwar fir Oppenheet, Villfalt an Inclusioun, ma wéi et schéngt net fir Matmënschen ouni Wunnsëtz.

De Coordinateur vu Médecins du Monde, Paul Alouzy"Ce système il a été crée juste avant les jeux et ils disent, que ce système va s'arrêter fin 2024, grand maximum il sera prolongé jusqu'à 2025, donc pourquoi créer quelque chose de nouveau, pile avant, pendant et après les jeux et ensuite l'arrêter. Maintenant moi pour y être à ces opérations et pour suivre les opérations et les gens qui participent à cette opération il y a plus aucune pour vous ils, à la proche des jeux on vous envoie ailleurs."
 
 
Dat olympescht Duerf, ass um Beispill vu Saint-Denis an den äermste Géigenden a ganz Frankräich gebaut ginn. Den urspréngleche Plang fir 40 Prozent vun de Wunnengen als Sozial- oder Studentewunneng no de Spiller ze notzen, ass schonn direkt am Ufank gekippt ginn. Iwwerdeems wënscht sech de franséische President Emmanuel Macron eng „politesch Wafferou“, bis d‘Olympesch Spiller eriwwer sinn.

"Nous avons cherché à faire de ces jeux un moment de paix et de trêve d'espérence. Vous l'avez fait ce matin de manière admirable après avec beaucoup d‘athlètes rassemblant de manière inédite dans un moment si compliqué du monde. Des athlètes israéliens, palestiniens, ukrainiens et du monde entier."
 
Mat där politescher Neutralitéit, fir déi den franséische President plädéiert huet, war och baussent Frankräich net jiddereen iwwerzeegt. Den Iran an d‘Vertrieder vun de Palästinenser fuerderen, dass déi israeelesch Sportler ausgeschloss ginn. Duerno koume speziell Sécherheetsmoossnamen, Solidaritéitsprotester fir Palästina an Doudesmenacë géint israeelesch Athleten. Domadder ass ee wäit ewech vum olympesche Gedanken "Games Wide Open", also Oppenheet an Inclusioun.