Bei den Olympesche Spiller zu Paräis ass den éischte Sportler positiv op en Doppingmëttel getest ginn.

Am Kierper vum Judoka Sajjad Ghanim Sehen Sehen (28) aus dem Irak goufen Anabolika fonnt. De Sportler ass elo virleefeg suspendéiert, dat huet déi fir Doppingkontrollen zoustänneg International Testing Agency matgedeelt.

De Sehen sollt an der Kategorie bis 81 Kilogramm bei de Männer untrieden. Säin éischte Kampf hätt hien en Dënschdeg géint e Géigner aus Usbekistan gehat.