D'USA gewannen déi éischt Partie géint Serbien

© AFP
Am Grupp C ass et um éischte Spilldag am Basket zum Duell vun zwee Favoritten op d'Goldmedail komm.
No ufängleche Schwieregkeete sinn d'US-Amerikaner hirer Favoritteroll um Enn gerecht ginn a konnte sech mat 110:84 géint Serbien behaapten.
D'Europäer si besser an de Match komm a louchen tëschenzäitlech mat 7 Punkten a Féierung, Lebron James, Kevin Durant a Co. hunn de Match awer nach virum zweete Véierel gedréint. An den zweeten 10 Minutten ass et weiderhin eng enk Partie bliwwen, an där d'Serben bis op 2 Punkten erukomm sinn. An d'Paus ass et allerdéngs mat engem Score vun 58:49 fir d'USA gaangen.
Am zweeten Duerchgang sollt Serbien dëse Réckstand net méi guttmaache kënnen. Zu kengem Zäitpunkt ass ee méi no erukomm wéi 8 Punkten. Um Enn vum drëtte Véierel louch ee mat 19 Punkten zréck, zum Schluss waren et der souguer 26.
Fir béid Ekippen ass weiderhin alles dran, Serbien steet e Mëttwoch géint Puerto Rico awer ënner Drock. D'US-Amerikaner treffen iwwerdeems op de Südsudan, dee mat 90:79 géint Puerto Rico gewonnen huet.