Prett, fir duerch d'Strooss vu Gibraltar ze schwammen

© RTL-Archivbild
Tëscht dem 4. an 9. August wëll d'Paule Kremer duerch d'Mierengt vu Gibraltar schwammen, dat am Kader vum sougenannten "Ocean's Seven"-Projet.
Et ass eng vu 7 Etappe vum "Ocean's Seven"-Projet, deen d'Lëtzebuergerin wëll realiséieren. 2017 ass d'Extremschwëmmerin duerch den Äermelkanal (34 Kilometer) geschwommen a virun 2 Joer duerch de Catalina Channel (34 Kilometer), deen d'Insel Catalina mat Kalifornien verbënnt.
D'Mierengt vu Gibraltar ass mat 14 Kilometer, déi kierzte vun deene 7. Dat wëll awer net heeschen, datt et och déi einfachsten ass. Fir dierfen tëscht dem spuenesche Festland a Marokko ze schwammen, muss een eng Erlabnis vun den Autoritéiten hunn. No 6 Joer Waardezäit krut d'Paule Kremer déi elo endlech. Den Haaptproblem bei där Traversée ass de Wand. Wann deen ze staark ass, däerf een net schwammen. De Risiko fir ofgedriwwen ze ginn, ass deen Ament ze grouss. Tëscht dem 4. an 9. August, also an där Zäit, wou d'Lëtzebuergerin ee Slot krut, gëtt och mat staarkem Wand an deemno och mat vill Stréimung gerechent. Et kéint also och sinn, datt d'Schwëmmerin net an d'Waasser däerf. Falls dat awer net de Fall ass, rechent d'Paule Kremer domadder, tëscht 3 a 5 Stonnen ënnerwee ze sinn. Am Virfeld gouf den Training dann och op ee Maximum vu 4 Stonnen um Stéck geluecht.
No Gibraltar steet dat nächst Joer am August den Nordkanal um Programm. Dat ass d'Verbindung tëscht Irland a Schottland (34 Kilometer). Am optimale Fall hätt d'Paule Kremer dann 2025 4 vun de 7 Mierengte queesch iwwer d'Welt verdeelt duerchschwommen.
Duerno géifen dann nach d'Cookstrooss, déi d'Süd- an Nordinsel vun Neiséiland verbënnt (26 Kilometer), de Kaiwi-Kanal tëscht den Insele Molokaʻi an Oʻahu op Hawaii (44 Kilometer) an d'Tsugaru-Strooss tëscht den Inselen Honshu an Hokkaido a Japan (20 Kilometer) um Programm stoen. Deen Ament, hätt d'Paule Kremer den Ocean's Seven Brevet an der Täsch. Bis elo hu just 27 Persounen iwwerhaapt deen Challenge gepackt. D'Paule Kremer wier déi éischt Lëtzebuergerin.