"Ech hätt léiwer vu Freed gekrasch", sou d'Jeanne Lehair
D'Jeanne Lehair ass e Mëttwoch de Moie mat gudde Chancen op eng Top-Placéierung un den Depart vum Triathlon zu Paräis gaangen.
Um Enn gouf et fir d'Jeanne Lehair eng grouss Enttäuschung. D'Lëtzebuergerin hat no ronn 12 Kilometer um Vëlo e mechanesche Probleem. Ee Lastik vum Lehair senge Schong, deen do ass, fir e méi séiere Wiessel ze erméiglechen, ass an den Dérailleur komm an huet dëse gebrach. Doduerch war e weiderfueren net méi méiglech an d'Lëtzebuergerin huet d'Course mussen opginn.
Beim Schwammen hätt d'Lëtzebuergerin sech net esou gutt gespuert a vill Zäit verluer, dat huet d'Jeanne Lehair schonn e bëssen enttäuscht. Duerch d'Stréimung an der Seine wier et extrem schwiereg gewiescht, esou d'Sportlerin beim Jeff Kettenmeyer am Interview.
Et deet gutt, dass meng Famill zu Paräis ass
Den technesche Problem mam Vëlo, dat wier einfach Pech gewiescht, do hätt ee keen Afloss drop, dat wier eben den Triathlon. Ënner tréine seet si, dass et gutt gewiescht wier, dass d'Famill op der Plaz ass. D'Course hätt si sech anescht virgestallt. "Ech hätt léiwer vu Freed gekrasch", esou d'Jeanne Lehair. Et wier net den Dag wéi si sech et virgestallt hätt, mee et wäerten nach anerer kommen, dat d'positiv Astellung vun der 28 Joer aler Triathletin, no engem vun de schwieregste Momenter an hirer Karriär.
Los Angeles 2028 am Fokus
Bei de Spiller zu Los Angeles 2028 huet d'Jeanne Lehair 32 Joer. Hire Frënd hätt hir elo gesot, dass se do géif olympescht Gold gewannen. Si wäert alles ginn, a si hätt hire Sport nach ëmmer ganz gär. D'Triathletin sot, si géif nach aner schéi Momenter an der Karriär erliewen.
"A 25 Joer Triathlon nach ni gesinn, datt e Lastik en Dérailleur esou ka briechen"
Dat sot de Lëtzebuerger Nationaltrainer, Cyril Eple, an engem éischten Interview nom Out vum Jeanne Lehair.

De Vëlo vum Jeanne Lehair / © Christian Krombach
Op de Biller vun der Plaz huet een nom Out direkt déi grouss Enttäuschung bei der Lëtzebuergerin gesinn - si konnt hir Tréinen net zeréckhalen.
Op rutschege Stroossen zu Paräis op Grond vu Schaueren an der Nuecht op e Mëttwoch ass et ëmmer nees zu Chutte komm. Een éischten Ament hat et och no enger Chute bei der Lëtzebuergerin ausgesinn, ma deem war um Enn net esou.
Gold fir Beaugrand
Gold huet sech um Enn d'Franséisin Cassandre Beaugrand geséchert. Si hat enge Avance vu sechs Sekonnen op d'Julie Derron aus der Schwäiz. Bronze ass un d'Brittin Beth Potter, déi aktuell Weltmeeschterin, gaangen. Si hat e Réckstand vu 15 Sekonnen.

D'Gewënnerin Cassandre Beaugrand / © AFP