Tëschefall mat Loftpistoul beim HamiliusParquet mellt Interpellatioun vu 15 Joer alem Bouf

RTL Lëtzebuerg
De Jonke wier an der Vergaangenheet scho wéinst aneren Tëschefäll opgefall an aus enger Betreiungsstruktur fortgelaf.

De Parquet mellt d'Interpellatioun vun engem 15 Joer ale Bouf. Dat am Kader vun enger Enquête zu engem Tëschefall, zu deem et e Samschdeg den 10. Oktober komm ass. Op deem Dag soll de Mannerjäregen an der Géigend vum Centre Hamilius an der Stad eng Loftpistoul géint eng aner Persoun agesat hunn.

De Mineur soll den Autoritéite scho bekannt gewiescht sinn, sou de Parquet an engem Schreiwes. Hie wier an der Vergaangenheet scho wéinst aneren Tëschefäll opgefall an aus enger Betreiungsstruktur fortgelaf.

Den zoustännege Jugendriichter huet decidéiert, datt de Jonken temporär op Schraasseg an de Prisong kënnt, well an der UNISEC zu Dräibuer keng Plaz ass. D'Auswäertung vum Videomaterial hätt erginn, datt de Choix vum Affer net zoufälleg gemaach gouf.

Op der Plaz goufen och CO-2-Cartouche fonnt. Vun der Waff feelt awer all Spuer.

D'Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO