
Nodeems et nom BGL-League Match tëscht Käerjeng an der Jeunesse grouss Diskussioune goufen, well e Jeunesse-Spiller enger Supporterin nom Match den Handschlag verweigert hat, war et am Coupe-Match tëscht Käerch a Mäertert-Waasserbëlleg e Virworf vu Rassismus.
D'Ekipp vu Mäertert-Waasserbëlleg ass doropshi beim Stand vum 1:3 géint sech an der 82. Minutt vum Terrain gaangen. Wéi et weidergeet, läit elo beim Verbandsgeriicht vun der FLF.
Op Nofro hin huet eis den FC Käerch confirméiert, datt een näischt vun sou enger Beleidegung héieren hätt a sech Zäit geholl huet, éier ee reagéiert hätt. Den eegene Kader wier multikulturell an et géif ee sech vun de Virwërf distanzéieren. Den Arbitter krut vum FC Käerch d'Video-Material vum Match zu Verfügung gestallt. Déi zwee Spiller, déi an dësem prezise Fall concernéiert sinn, hätte keng Lëtzebuerger Originnen.
Vu Mäertert-Waasserbëlleg war kee Responsabelen ze erreechen.