E beléifte FotomotivE besonnesch schéinen Himmel huet vill Leit dozou beweegt, Fotoen ze maachen

Andy Brücker
En Donneschdeg den Owend huet en Himmel mat Wolleken a Kombinatioun mam Sonnenënnergang e besonnescht Spektakel bereet gehalen.
Wëntger
Wëntger
© Domingos Oliveira

Wann een um Donneschdeg den Owend, respektiv e Freideg de Moien op de soziale Reseauen ënnerwee war, huet ee vill Fotoe vum Sonnenënnergang vun en Donneschdeg gesinn. Et war e reegelrecht Faarwespill, wat sech um Himmel ofgezeechent huet, mat enger Dominanz vun der Faarf orange, deels awer och blo.

Egal wou een ënnerwee war, huet een d'Leit gesi Fotoe maachen, an déi goufen dann och fläisseg gedeelt.

Hei e puer vun de Fotoen, déi RTL erageschéckt krut

Hutt och Dir Fotoe vum Sonnenënnergang gemaach, da schéckt eis se gär eran op meteo@rtl.lu, mat och der Informatioun, wou d'Foto gemaach gouf.

Back to Top
CIM LOGO