Luxembourg Ladies Tennis MastersVill Prominenz am Tramsschapp

Loïc Juchem
Iert déi aacht fréier Weltklassespillerinnen an der Coque ëm d'Präisgeld kämpfen, gouf um Mëttwochowend am Tramsschapp gefeiert. Mat dobäi waren ënner anerem de Joachim Llambi, d'Sarah Engels an d'Anne Kremer, déi eng besonnesch Auszeechnung krut.
Luxembourg Ladies Tennis Masters: Vill Prominenz am Tramsschapp
Virum Tournoi gouf am Tramsschapp gefeiert. Mat dobäi ënner anerem de Joachim Llambi, d'Sarah Engels an d'Anne Kremer, déi eng besonnesch Auszeechnung krut.

De Gala vun de Luxembourg Ladies Tennis Masters huet och dëst Joer nees vill bekannt Gesiichter op de Lampertsbierg gelackelt. Moderéiert gouf den Owend vum Joachim Llambi, dee virun allem als Jurysmember bei "Let's Dance" bekannt ass. Hie war schonn déi zéngte Kéier mat dobäi an huet och selwer eng Passioun fir Tennis. Wéinst Problemer mam Ielebou spillt hien haut awer léiwer Padel.

Auszeechnung fir d'Anne Kremer

Ee vun den Héichpunkte vum Owend war d'Iwwerreechung vum Jana Novotna Award un d'Anne Kremer. Mat dësem Präis gi Spillerinnen ausgezeechent, déi dem Tournoi besonnesch verbonne sinn. D'Laudatio huet den Ausseminister Xavier Bettel gehalen, deen déi mental Stäerkt vun der fréierer Lëtzebuerger Tennisspillerin ervirgehuewen huet. Fir d'Anne Kremer, déi iwwer vill Jore beim Tournoi op der Kockelscheier matgespillt huet, war et en emotionale Moment. „Ech hat net domat gerechent, datt ech esou vill Ënnerstëtzung kréien“, sot déi fréier Nummer 18 vun der Welt. Besonnesch de Video an d'Laudatio hätten hier vill bedeit, och well d'Organisateure mëttlerweil Frënn gi sinn.

Sarah Engels suergt fir Partystëmmung

Fir de musikaleschen Highlight huet déi däitsch Sängerin Sarah Engels gesuergt, déi am Mee beim Eurovision Song Contest op der Bün stoung. Si wollt d'Gäscht vun hire Still kréien an zum Danze bréngen. Mam Tennis huet d'Sängerin och hir Erfarunge gemaach. Si géif zwar gär spillen, huet awer mat engem Laachen zouginn, datt hiert Talent éischter fir den Tennis-Cours an der Vakanz duergeet.

Nom Gala steet elo de Sport am Mëttelpunkt. Aacht fréier WTA-Spillerinne kämpfen an der Coque ëm insgesamt 110.000 Euro Präisgeld. Fir d'Gewënnerin ginn et 50.000 Euro. Wien den Tournoi gewënnt, steet e Sonndeg fest. Op RTL Zwee diffuséiere mir d'Matcher live.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO