"Mir sinn d’Nationalekipp vun de Serveuren"
"Mir sinn hei fir d’Hotelschoul ze representéieren", sou d'Schüler vun der Hotelsschoul am Asaz an der franséischer Haaptstad.
Wärend de 17 Deeg vun den Olympesche Spiller garantéiere 14 Schüler aus der Hotelschoul vun Dikrech de Service vum Catering an der Maison du Luxembourg. 150-200 Leit den Dag gi vun hinnen tëscht 16 Auer Mëttes an 2 Auer an der Nuecht zerwéiert. D’Iesse kachen si net selwer, dat kënnt vun engem Traiteur, mee d’Schüler zerwéieren et an och Gedrénks.
Martin Biver, Schüler an der Hotelschoul :
"Mir sinn d’Nationalekipp vun de Serveure soe mer. Mir sinn hei, fir d’Hotelschoul ze representéieren. Fir eis bescht Versioun vun eis ze weisen. Den Accueil vun de Sportler, vun de Ministeren a Politiker. Also ech mengen, besser geet et net. Mir sinn hei the place to be"
Fabiena Rugovaj, Schülerin aus der Hotelschoul:
"Dat ass mega flott fir mäin CV och, well bei esou eppes mat kënnen ze maachen, ass einfach immens. Dat hei geschitt eng Kéier an en plus zu Paräis. Dat heescht, et ass eng mega Opportunitéit. Ech si mega glécklech."
Jo Jacoby, Schüler aus der Hotelschoul:
"Iwwerrascht sinn ech e bësse jo. Ech hat mer eist Lëtzebuergescht Haus vill méi kleng virgestallt. Et ass wierklech wonnerbar opgebaut ginn hei. Vill méi grouss wéi ech mer dat erwaart hunn. Och méi Leit. Mir hunn 150 bis 200 Leit heiansdo. Et ass wierklech cool."
© Isabelle Henschen
Encadréiert ginn d’Schüler wärend der ganzer Zäit vu 5 verschiddenen Proffen aus der Hotelschoul. Déi dësen Asaz als Chance fir d’Schüler an hir Karriär gesinn.
Marc Moris Enseignant an der Hotelschoul:
Theorie ass ëmmer gutt an Theorie ass dat, wat se musse wëssen. Mee duerno ass et hei, wou si d’Experienz maachen. Et ass net alles esou wéi mer et virgesinn hunn, wéi et wäert geschéien an duerch di kleng Feeler duerch déi kleng Imprevuen, déi wäerte kommen, léiere se bäi. Déi Erfarung um Terrain genau sou wichteg, wann net bal méi wichteg wéi an der Klass. An der Klass kënne mir hinnen et soen, hei erliewe se et an hei gi se grouss domadder.









