Eng 10. Plaz an e Chrono vu 4:11.28 Minutte waren net duergaangen, fir sech am Repechage duerchzesetzen.

E Mëttwoch de Mëtteg huet d'Vera Hoffmann et am Repechage vun de 1500 Meter net gepackt, sech eng vun deene leschte Plaze fir d'1/2-Finallen ze sécheren.

Nodeems d'Lëtzebuergesch Leeferin am 1. Virlaf op déi 12. Plaz gelaf war, gouf et am Repechage nach eng zweet Chance. An engem staarke Feld war hei allerdéngs ee Resultat ënnert deenen dräi Éischten néideg, fir den Ticket fir d'1/2-Finall léisen ze kënnen.

D'Course am gutt gefëllte Stade de France huet ufanks mat enger net all ze héijer Vitesse ugefaangen. D'Vera Hoffmann huet sech hannen am Grupp opgehalen, deen déi éischt zwee Tier kompakt zesumme bliwwen ass. No an no hunn d'Leeferinnen un der Spëtzt awer d'Vitesse ugezunn an de Grupp an d'Längt gezunn. Séier war kloer, datt et immens schwéier géif ginn eng Plaz an den Topp-3 ze kréien.

Um Enn qualifizéiere sech d'Sintayehu Vissa aus Italien (4:06.71 Minutten), d'Revee Walcott-Nolan aus Groussbritannien (4:06.73) an d'Agueda Marques aus Spuenien (4:07.05) fir d'1/2-Finallen. D'Vera Hoffmann ass mat engem Chrono vu 4:11.28 Minutten déi 10. ginn.