US-Dammen an -Häre wanne Gold am Basket

© AFP
D'US-Hären hunn och d'Neioplo vun der Finall vu viru véier Joer zu Tokio géint Frankräich gewonnen.
Olympia-Missioun erfëllt: D'"Dream Team 2.0" vun den US-Basketspiller ëm de Superstar LeBron James huet sech zu Paräis d'Goldmedail geséchert. An enger deels hëtzeger Finall géint Frankräich hu sech d'USA mat 98:87 (49:41) duerchgesat.
Um Enn war et virun allem de Stephen Curry, deen erausgestach huet, well hien an der Schlussphas déi wichteg Dräier getraff huet. Mat 24 Punkten an aacht vun zwielef Dräier ass de Curry de beschte Scorer op Säite vun den USA. Bei de Fransousen sinn déi 26 Punkte vum Victor Wembanyama net duergaangen, fir d'Wonner ze packen.
No de Succèse vu Peking, London, Rio an Tokio hu sech d'US-Stars domadder fir déi fënneft Kéier noenee Gold geséchert. Fir d'Amerikaner ass et déi 17. Goldmedail am Basket bei Olympesche Spiller. De Kevin Durant ass elo mat véier Goldmedailen den erfollegräichste Basketspiller bei Olympesche Spiller - knapp virum James, deen dräimol Gold an eemol Bronze gewonnen huet.
Virun den Aen vun enger ganzer Rei Basketball-Legende wéi Dirk Nowitzki, Scottie Pippen oder Tony Parker wéi och de franséische President Emmanuel Macron hunn d'USA Frankräich iwwer wäit Strecke konsequent op Distanz gehalen a louchen an der Paus mat aacht Punkten a Féierung. D'Fransousen hu probéiert, fir sech mat engem kierperleche Spill an dem jonke Wembanyamas ze wieren. An tatsächlech: Dräi Minutte viru Schluss waren d'Fransousen nees op dräi Punkten erun. Ma du koum de Stephen Curry an huet d'Goldmedail fir d'USA ofgeséchert.
Serbien hat sech an der Mëttegstonn géint Däitschland Bronze geséchert.
Bei den Dammen waren d'USA och Frankräich iwwerleeën

© AFP
D'Spillerinnen aus den USA sinn als Favorit an d'Finall gaangen, ma d'Franséisinnen hunn hinnen d'Liewe richteg schwéier gemaach. Um Enn waren d'USA awer een Tick besser, sou datt si sech mat 67:66 behaapt hunn a sech iwwer Gold freeë konnten.
Nom éischte Véierel louchen d'USA mat 15:9 a Féierung. Duerno hu sech d'US-Amerikanerinnen awer ze vill Feeler a Ballverloschter geleescht, sou datt et mat engem 25:25 an d'Paus gaangen ass. An der Mëtt vum drëtte Véierel konnt sech Frankräich mat 35:30 liicht ofsetzen. D'Spillerinnen aus den USA hunn dunn awer opgedréint a sech zeréckgekämpft, sou datt ee virum leschte Véierel mat 45:43 a Féierung louch. Och déi lescht 10 Minutte ware richteg spannend. Um Enn haten d'US-Amerikanerinnen dat bessert Enn fir sech an hu sech Gold geséchert.
Batter fir Frankräich. D'Gabby Williams huet zum Schluss mat engem Buzzerbeater betraff, ma et waren nëmmen 2 Punkten a keng 3, sou datt et net an d'Overtime gaangen ass.