E Sonndeg de Mëtteg war am nationale Futtballchampionnat d'Suite vum 3. Spilldag.

De Resumé vum 3. Spilldag - Reportage vum Serge Olmo

An der Spëtzepartie huet sech e Sonndeg den Owend Déifferdeng géint Diddeleng behaapt. Schonn no 27 Sekonnen hat et eng éischte Kéier am Diddelenger Gol gerabbelt. De Jorginho hat déi Déifferdenger mat 1:0 a Féierung bruecht. No 36 Minutte war et den Trani, deen op 2:0 erhéicht huet. Fir de Schlusspunkt huet dunn nees de Jorginho gesuergt. Hien huet mam 3:0 an der 81. Minutt fir d'Schlussresultat gesuergt.

Déifferdeng huet domadder no dräi Spilldeeg de Maximum vun néng Punkten um Kont. Nach keng Punkten ofginn hu bis ewell och Hesper an de Progrès. De Swift huet sech e Sonndeg mat 2:1 zu Monnerech behaapt an de Progrès ass op Beetebuerg bei den Opsteiger 3:1 wanne gaangen.

An der Partie tëscht der Jeunesse a Péiteng deele sech béid Ekippe mat engem 0:0-Remis d'Punkten. D'Gäscht vu Péiteng waren an deenen éischte 45 Minutten déi besser Ekipp mat de bessere Golchancen, bei deenen allerdéngs déi néideg Prezisioun gefeelt huet. Och am zweeten Duerchgang war et en zéie Match mat nëmme wéineg bis kengen offensiven Aktiounen, sou datt et um Enn beim Spillstand vun 0:0 bliwwen ass.

Fir d'Ekipp vu Wolz gouf et dann eng batter 0:3-Defaite géint Stroossen virun den eegene Spectateuren. Nom 1:0 vum Nicolas Perez hunn zwee weider Eelefmeter fir eng kloer Féierung an der Paus gesuergt. An der zweeter Hallschent huet Stroossen dann hannen näischt méi zougelooss an hëlt déi dräi Punkte mat Heem.

An de weideren zwee Dueller vum Sonndegmëtteg konnt sech Rouspert doheem mat 1:0 géint Munneref duerchsetzen an d'Fola bleift mat enger 1:3-Néierlag géint Rodange weider ouni Punkten an der neier Saison. Keng Punkte gouf et bis ewell och fir Beetebuerg, Monnerech an Hueschtert.

E Samschdeg den Owend konnt sech de Racing fir den Optakt däitlech mat 4:1 géint d'US Hueschtert behaapten.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler

Déifferdeng - Diddeleng 3:0

1:0 Jorginho (1'), 2:0 Trani (36'), 3:0 Jorginho (81')

Beetebuerg - Nidderkuer 1:3

0:1 Burban (7'), 0:2 Burban (41'), 1:2 Bernardo (48'), 1:3 Sanali (81')

Monnerech - Hesper 1:2

0:1 Stolz (22'), 1:1 Swistek (63'), 1:2 Gboho (81')

Jeunesse - Péiteng 0:0

Wolz - Stroossen 0:3

0:1 Perez (31'), 0:2 Nogueira (40'), 0:3 Zenadji (45+4')

Rouspert - Munneref 1:0

1:0 Carratala-Jimenez (71')

Rodange - Fola 3:1

1:0 Atieda (26'), 1:1 Diakhite (41'), 2:1 Atieda (47'), 3:1 Galvanelli (71')

D'Tabell