Liichtathletik
Vera Hoffmann leeft neie Lëtzebuerger Rekord iwwer eng Meil

© ATP/Luxpress
D'Vera Hoffmann ass och zwou Wochen no den Olympesche Spiller zu Paräis weiderhin a gudder Form.
D'COSL-Elite-Sportlerin huet leschte Samschdeg op enger Kompetitioun zu Stirling a Schottland een neie Lëtzebuerger Rekord iwwer eng Meil opgestallt. D'Leeferin vum Celtic Dikrech ass an enger Zäit vu 4 Minutten, 32 Sekonnen an 68 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf. Domadder huet si hiren eegene Rekord vum September 2020 ëm 6 Sekonnen an 20 Honnertstel verbessert.
Am meeschte gelies