De Jannik Sinner hat am Ufank vum Joer och schonn d'Australian Open gewonnen.

De Jannik Sinner huet e Sonndeg den Owend fir d'éischte Kéier a senger Karriär d'US Open gewonnen. D'Nummer 1 op der Welt huet sech an dräi Sätz mat 6:3, 6:4 a 7:5 géint den US-Amerikaner Taylor Fritz duerchgesat.

De Sinner ass deen éischten Italieener, deem et gelongen ass, d'Finall vu Flushing Meadows ze gewannen.

De Fritz huet et dogéint verpasst, fir als éischten US-Amerikaner zanter dem Andy Roddick 2003 virum eegene Public ze gewannen. Him bleiwen 1,8 Milliounen US-Dollar Präisgeld an de Sprong an d'Top Ten an der Weltranglëscht. Op säin éischte Major-Titel muss de 26 Joer alen Tennisspiller nach waarden.

De Sinner hat am Mäerz fir Schlagzeile gesuergt. Hie war zweemol positiv op de verbuedene Steroid Clostebol getest ginn. Nodeems hien novollzéibar erkläre konnt, datt hien duerch säi Physiotherapeut onschëlleg kontaminéiert gi wier, ass hie laanscht eng laang Spär komm.

Bei den Dammen hat sech d'Aryna Sabalenka den Titel geséchert.