Mainz klappt St. Pauli, Kiel kritt ee Punkt zu Leverkusen

© INA FASSBENDER/AFP
Bremen huet doheem géint Freiburg de Kierzere gezunn. Wolfsburg huet donieft zu Bochum gewonnen. Union Berlin huet iwwerraschend géint de BVB gewonnen.
Leverkusen huet géint den Opsteiger Holstein Kiel just 2:2 gespillt. An der 1. Hallschent war et awer quasi eng Partie op ee Gol. Schonns no 8 Minutten hat den aktuelle Champion de Wee zweemol an de Filet fonnt. An der 4. Minutt huet de Boniface den 1:0 markéiert, den Hofmann huet 4 Minutte méi spéit erhéicht. D'Heemekipp huet sech eng Chance no der anerer erausgespillt, den nächste Gol ass awer fir Kiel gefall. Kuerz virun der Paus huet de Geschwill de Ball no engem Corner an de Gol gekäppt.
No der Paus war Leverkusen zwar weiderhi besser, Kiel war awer vill méi couragéiert an huet sech souguer belount. An der 69. Minutt huet den Arp no engem Eelefmeter ausgeglach. Kuerz drop hätt Kiel souguer kéinten d'Partie komplett dréinen, de Hradecky hat awer gutt paréiert. An der Schlussphas huet Leverkusen den Tempo nees ugezunn, e Gol sollt hinnen awer net méi geléngen.
Union Berlin huet doheem iwwerraschend mat 2:1 géint Dortmund gewonnen. D'Heemekipp huet vun Ufank u gutt dogéint gehalen an de Gäscht keng Chance ginn, sech spilleresch ze etabléieren. An der 25. Minutt gouf et en Eelefmeter fir Union, deen de Vogt eragesat huet. Vun der Euphorie aus der Champions League war bei de Gäscht näischt ze spieren. Union huet dovu profitéiert an nach virun der Paus den 2:0 markéiert. De Vertessen konnt sech iwwert de Gol freeën. Nom Téi war Dortmund besser an der Partie. Dem Ryerson ass an der 62. Minutt den Uschlossgol gelongen. Et ass mat Méiglechkeeten op béide Säite weidergaangen, de Ball ass awer net méi am Filet gelant. Union Berlin konnt sech also géint de BVB duerchsetzen.
Freiburg huet donieft zu Bremen mat 1:0 d'Iwwerhand behalen a Bochum huet mat 1:3 géint Wolfsburg verluer.
Am Owesmatch huet Sankt Pauli mam Lëtzebuerger Danel Sinani 0:3 géint Mainz verluer. D'Gäscht louche séier duerch Burkardt a Sieb mat 2:0 am Avantage. No der Paus huet de Burkardt mat sengem 2. Gol den 3:0 markéiert. An der 63. gouf de Sinani agewiesselt. Bis zum Schluss sollt awer näischt méi geschéien.
An der Premier League huet de Spëtzentrio Liverpool, ManCity an Arsenal hir Matcher gewonnen. Hei fannt Dir den Iwwerbléck iwwer déi aner international Ligen.
D'Statistike vun de Matcher
Klickt hei, fir op d'Säit mat all de Resultater ze kommen.
D'Klickt op de Match, fir d'Statistiken ze gesinn.