Um éischte Sonndeg am Oktober gëtt traditionell de Walfer Vollekslaf gelaf.

E Sonndeg de Moie sinn zu Walfer op der Gare Schüler a Schülerinne vun der Internationaler Mierscher Schoul ukomm. Si kruten Dossarde vun hiren Enseignanteë verdeelt, fir um Walfer Vollekslaf deelzehuelen, dat zesumme mat 1100 Studenten a Studentinnen aus verschiddene Lycéeën aus dem Land. Ee vun hiren Enseignanten hat e speziellen Dossard, nämlech dee vum Walfy. Dëst Joer ass de Choix vun den Organisateuren op d'Julie Meynen gefall. Eng Top-Schwëmmerin, zwou Participatiounen op den Olympesche Spiller, 12. Plaz op der Weltmeeschterschaft, Bronzemedaillen op der Junior-Europameeschterschaft an zéng national Rekorder. Nom Kompetitiounssport ass elo de Kontakt mam Breedesport ugesot.

Jore laang huet de Kompetitiounsgeescht de gréissten Deel vun der fréierer Toppschwëmmerin hirem Liewe bestëmmt. Elo huet de Wand gedréint.
 
Direkt nodeems d'Leefer sech op de Wee gemaach haten, war den Tour un de 600 Kanner. D'Julie Meynen huet zwar ni um Walfer Vollekslaf deelgeholl, awer un de Lasep-Aktivitéiten an der Primärschoul. De Walfy  huet sech iwwer d'Begeeschterung bei de Kanner gefreet.

De Favorit vun der 12km-Course ass mat deene vun der 5km-Course ukomm. Dem Yonas Kinde no hat bei der Trennung vun den 12 a vun de 5 km keen him déi richteg Direktioun gewisen. Esou konnt de Sven Remackel als Éischten d'Äerm an d'Luucht strecken, dat virum Fransouse Laurier an Thibaut Kubiak.

Bei den Dammen huet de Podium Zsanett Moczo, Saskia Daguenet a Jenny Gloden geheescht. D'Julie Meynen ass no knapp enger Stonn iwwert d'Zillinn gelaf.
 
Mission accomplie also fir d'Julie Meynen an d'Organisatiounsteam ronderëm d'Marianne Dondelinger.