D’Andrea Petkovic war dës Woch fir eng Liesung zu Lëtzebuerg, d'nächst Woch spillt si an der Coque Tennis. Zwee Grënn fir e Sonndesinterview.

Den Interview hu mir mat enger relativ einfacher Fro a kuerzer Äntwert ugefaangen: "Sind Sie glücklich? - Sehr glücklich momentan."

Firwat déi Fro relevant ass, versteet ee beim Liesen.

D’Andrea Petkovic ass eng däitsch Tennisspillerin, siwe WTA-Titelen huet se an hirer Karriär gewonnen. Zanter zwee Joer ass si elo an der Tennis-Pensioun.

"Der Moment des Aufhörens selbst war okay, aber die drei, vier Monate davor, die waren sehr schwierig. Ich glaube, die Antizipation vor der Veränderung war viel schlimmer als dann die Veränderung und das Aufhören selbst."
 
Vill Gedanken hätt si sech am Virfeld gemaach, och wat berufflech nach fir si méiglech wier, ob nach ee sech fir si géif interesséieren.

RTL

Hir beschte Plaz an der Weltranglëscht war eng 9. / © AFP

Vill flott Momenter a laanger Karriär

D’Klassiker-Fro huet net dierfe feelen, de schéinste Moment an der Karriär? D’Äntwert war bal genee esou banal: et hätten der vill ginn. An awer, no engem kuerze Moment, dann dach eng onerwaart Äntwert:

"Für mich persönlich war der Schönste, als ich in Charleston das Turnier gewinnen konnte. Es ist kein sehr bekanntes Turnier, aber es war nach zwei Jahren Verletzungspause, ich kam wieder zurück. Es hat ewig gedauert, bis ich wieder meinen Groove gefunden habe."

Mat Ritualer a Routinnen huet d’Andrea Petkovic sech op grousse Rendez-vouse preparéiert.

Vum Verléieren a Gewannen

Beim Tennis géif et bal méi ëm d’Verléiere goen, wéi ëm d’Gewannen. "Et verléiert ee vill méi, wéi dass ee gewënnt", esou d’fréier Weltklass-Spillerin. Tennis wier eng vun den eenzege Sportaarten, wou een entweder gewënnt oder verléiert. Et wier kee Spill op Zäit oder eng Ekippesportaart.

RTL

Verletzungen an aner Réckschléi gehéieren zum Tennis, esou d'Andrea Petkovic. / © AFP

"Der Stachel der Niederlage, der ist im Tennis besonders spitz. Und das lernt man sehr schnell. Aber wenn man überleben will, ich habe 16 Jahre auf der Tour gespielt. Also irgendwann gehörte das Verlieren genauso dazu wie das Gewinnen, leider. Aber das ist am Anfang - vor allem am Anfang einer Karriere - schwierig."

Tennisrackett duerch Bicher ersat

Haut hätt si nach vill manner Fräizäit wéi deemools als Tennisspillerin. An der Woch war d’Andrea Petkovic fir eng Liesung an der Abtei Neimënster. Reegelméisseg invitéiert den Institut Pierre Werner op Liesungen.

Vum Tennis bei d’Schreiwen

Hir Elteren hätten hir gesot, dass se schonn ëmmer geschriwwen hätt, schonn éier se Tennis gespillt hätt. Als Kand hätt si mat Stëft op Pabeier geschriwwen. Als Teenager hätt se Tagebuch geschriwwen: "Ich habe immer Gedichte geschrieben, Notizen mir aufgeschrieben."

No der Profikarriär wier op eemol eent bei dat anert komm. An hirem aktuelle Buch beschreift si dat lescht Joer als Sportlerin. Bei Liesunge géif se eigentlech bal ni hir Liblingspassagë virliesen, dat well vill Tennisfans op dës kommen.

"Ich mag es, über Sachen zu schreiben, womit sich Leute mehr identifizieren können.Tennis ist ewtas sehr Spezielles. Das ist natürlich auch spannend. Ich schreibe aber am liebsten über die Dinge, die menschlich sind."

RTL

D'Andrea Petkovic war fir eng Liesung vum Pierre Werner Institut zu Lëtzebuerg. / © IPW/Melvin Victorio

Ganz Ophale mam Tennis, wëll si awer net

Nodeems déi sportlech Karriär eriwwer war, hätt sech de Bléck op dës geännert.

Richteg klappt dat mam Ophale mam Tennis net, déi nächst Woch spillt d’Andrea Petkovic bei de Luxembourg Ladies Tennis Masters um Kierchbierg.

"Ich spiele sehr gerne immer noch. Ich spiele, muss ich zugeben, in meiner Freizeit, wenn ich mich nicht auf ein Turnier vorbereite wie nächste Woche, keine Punkte mehr. Ich schlage einfach Bälle. Das macht mir total Spaß. Nächste Woche muss ich nochmal Punkte spielen. Ich weiß nicht, wie das wird. Mein einziges Ziel ist, mich nicht zu verletzen."

Déi éischt sechs Méint hätt se guer keng Rackett méi ugepaakt. Duerno nees lues a lues ugefaangen awer nëmme fir de Spaass. Op Lëtzebuerg kënnt si bis haut gären.

D'Luxembourg Ladies Tennis Masters gi vum 17. bis den 20. Oktober an der Coque um Kierchbierg gespillt. RTL ass live beim Tournoi mat dobäi. Och Dir kënnt d'Matcher op der Plaz live mat suivéieren. Beäntwert eise Quiz a gewannt mat e bësse Chance eng Koppel Entréestickete fir sämtlech Partië vun der Véierelsfinall un.