Luc Holtz: Wues zu Plovdiv a "katastrophalem" Zoustand
Fir d'Rout Léiwen ass et e Freideg a Bulgarien gaangen, wou e Samschdeg deen nächste Match an der Nations League um Programm steet.
Plovdiv ass mat bal 350.000 Awunner déi 2. gréisst bulgaresch Stad. D’Ekipp ass um Freideg am Nomëtteg bei 27° Grad gelant bei ganz sonnegem Wieder.
De Wëlzer Chris Phillips hëlt net um Deplacement Deel, well hien eng Zerrung huet. No den Defaitten aus den zwee éischte Matcher ass den Drock scho bei Spiller a Staff ze verspieren. Déi aner Spiller, déi vum Luc Holtz selektionéiert goufen, sinn am Prinzip fit.
Den Nationaltrainer ass méi an Detail op de Formzoustand vum Gerson Rodrigues agaangen, dee jo dee leschte Match intern gespaart war. Säi Formzoustand ass däitlech besser wéi beim leschte Rendez-vous. Virun der Press huet den Nationaltrainer erkläert, datt d’Bulgare virun allem um kämpferesche Plang staark sinn an déi richteg Mentalitéit ass och ee vun de groussen Atouten.
D’Lokalselektioun huet 4 Punkten um Kont no 2 Matcher. D’Rout Léiwen hu bekanntlech 0 Punkten um Kont. Fir e positiivt Resultat mat heem ze huelen, muss jidderee besser drop sinn wéi am September. Den Trainer huet sech mat abezunn.
Nieft dem Nationaltrainer war de Mica Pinto, deen a Bulgarien spillt, op der Pressekonferenz. Hie fillt sech hei wuel obwuel hien eréischt kuerz hei ass. No e puer schwéiere Méint fillt hie sech prett an déi ganz Ekipp och.Hien huet och dem Luc Holtz verschidden Infoen zu de bulgaresche Spiller mat op de Wee ginn.

© Ben Majerus / Sportspress
Wéi de Luc Holtz de Wues vum Hristo Botv-Stadion virum Training analyséiert huet, huet hie misste feststellen, datt dësen an engem ganz schlechten Zoustand ass.
Am Virfeld vun der Matcher géint Bulgarien a Belarus huet den FLF-President Paul Philipp gesot, datt no den zwou Néierlage géint Nordirland a Belarus, ee gewëssenen Drock op der Ekipp géif leien. Et wier elo wichteg, egal wéi, Punkten ze kréien. Datt verschidde Spiller an hire Veräiner net vill Spillminutte kréien an dofir d‘Leeschtung vun der Nationalekipp net déi ass, wéi an der Vergaangenheet, léisst de Paul Philipp am Interview mam Serge Olmo net gëllen.
De Match tëscht Bulgarien a Lëtzebuerg kënnt Dir e Samschdeg den Owend vu 17.45 Auer u live op RTL suivéieren.