E Sonndeg war an der Nations League den Optakt vum 4. Spilldag.

Am Grupp 2 vun der Liga B bleift Griicheland no der véierter Victoire an der véierter Partie weiderhin op der éischter Plaz. Am anere Match vum Grupp konnt England sech och duerchsetzen a bleift domat weider och nëmmen dräi Punkten hannendrun.

Fir England gouf et bei der Visitt a Finnland mat engem 3:1-Succès déi nächst dräi Punkten. An der Ufanksphas konnten d'Three Lions hirer Favoritteroll gerecht ginn an hunn déi gutt éischt Phas vum Match mat engem fréie Gol vum Jack Grealish an der 18. Minutt belount. Duerno hu sech d'Finnen allerdéngs méi couragéiert gewisen, konnten dobäi awer keng Gefor virum géigneresche Gol opkomme loossen. Nom Säitewiessel waren d'Gäscht da rëm méi aktiv, si hunn de Ball kontrolléiert, wat der Attraktivitéit vum Match net grad gutt gedoen huet. Een direkte Fräistouss vum Alexander Arnold aus ronn 20 Meter huet da fir den 2:0 gesuergt an d'Partie ronn 15 Minutte viru Schluss quasi entscheet. Nom 3:0 duerch den Declan Rice ass dem Arttu Hoskonen dann nach den Uschloss gelongen, wat d'Resultat awer just optesch méi schéi gemaach huet.

Am zweete Match vum Grupp 2 bleift Griicheland duerch en 2:0-Succès géint Irland weider ouni Punkteverloscht un der Tabellespëtzt. Virun den eegene Spectateuren zu Piräus ware si vun Ufank un déi besser Ekipp. Eenzeg d'Chanceverwäertung war un deenen éischte 45 Minutten ze kritiséieren, duerch déi et ouni Goler an d'Paus gaange war. Dräi Minutten nom Ustouss an déi zweet Hallschent war et dann awer en ofgefälschte Schoss vum Kapitän Anastasios Bakasetas, deen dem iresche Golkipp keng Chance gelooss huet an et domat 1:0 stoung. Am weidere Spillverlaf war Irland dann e puer Mol no vir komm, konnt aus den eegenen Aktiounen am grousse Ganzen awer net genuch maachen. De Gol fir den 2:0 duerch de Petros Mantalos an der 91. Minutt huet dann den Deckel op d'Partie gemaach.

Nom 0:0-Remis e Samschdeg den Owend spillt Lëtzebuerg en Dënschdeg den Owend den nächste Match géint Belarus. D'Partie gëtt wéi gewinnt op RTL ZWEE an am Livestream op RTL.lu iwwerdroen.

D'Resultater vun der Nations League

Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.

Ekippen