"Et muss ee sech schonn op dësen Tournoi preparéieren", sou d'Ana Ivanovic

© RTL
D'Ana Ivanovic, fréier Nummer 1 vun der Welt, spillt e Freideg bei de Luxembourg Tennis Masters géint d'Kirsten Flipkins aus der Belsch.
2007 huet d'Ana Ivanovic de WTA-Tournoi op der Kockelscheier mat 3:6, 6:4 a 6:4 géint d'Ambassadrice vun de Luxembourg Tennis Masters Daniela Hantuchová gewonnen. An hirer ganzer Karriär huet d'Serbin 15 WTA-Titele gewonnen an ee Grand Slam. 2008 konnt sech d'Tennisspillerin den Titel zu Roland Garros sécheren. Lëtzebuerg huet awer eng besonnesch Plaz am Häerz vun der Ana Ivanovic. Wat e Grond ass, wisou d'Fra vum Bastian Schweinsteiger dëst Joer de Wee op Lëtzebuerg fonnt huet.
"Ech sinn ëmmer gär op Lëtzebuerg komm. Wann ee vill reest, kuckt een ëmmer no deene Plazen, wou ee sech wéi doheem fillt. D'Dan [Direktesch vum Tournoi, UvdR] a seng Ekipp këmmere sech ëmmer fantastesch ëm eis. Dowéinst war Lëtzebuerg ëmmer eng flott Plaz fir mech an ech freeë mech, ëmmer hei hin ze kommen."
Och wann et e Legendentournoi ass an d'Spillerinnen net méi aktiv op der Tour ënnerwee sinn, geet et ëm 50.000 Euro Präisgeld, déi d'Gewënnerin ka mat Heem huelen. Dowéinst gëllt et awer, am Virfeld ze trainéieren. Den 28. Dezember 2016 huet d'Ana Ivanovic d'Tennisrackett un de berüümten Nol gehaangen. Den Tennissport wier awer en Deel vum Liewe bliwwen. Si géif wuel nach spillen, ma éischter fir de Spaass. Fir den Tournoi hätt si d'Intensitéit an den Trainingsunitéiten awer an d'Luucht geschrauft, fir prett a fit ze sinn, sou d'Ivanovic.
"Dëse Summer hunn ech nees ugefaangen, richteg ze trainéieren. De leschte Mount hu mir d'Intensitéit an d'Luucht geschrauft. Ech freeë mech drop ze spillen. Et huet mir och Spaass gemaach mat deenen anere Spillerinnen hei ze trainéieren. Ech freeë mech awer richteg op de Match, well Training ass dat eent… An engem Match ass alles nees komplett anescht."
Et kann e gespaant sinn, wéi d'Serbin sech e Freideg den Owend géint d'Kirsten Flipkins presentéiere wäert. Och wann et am direkte Verglach 1:1 tëschent de Spillerinne steet, huet dës Statistik fir dëse Match keng Bedeitung.
"Déi Statistike spille keng Roll. Ech si mir awer sécher, dass all Spillerin immens virwëtzeg ass, wéi jidderee wäert spillen. Dowéinst goufen Trainingen och elo schonn e bëssen observéiert, fir d'Schwaachstellen ze fannen. Et si vill gutt Spillerinnen hei. Am éischten Tour spillen ech géint d'Kirsten, do muss ech wuel vill lafen, mee ech freeë mech op d'Partie."
D'"Luxembourg Tennis Masters" ass eng Formule, déi et esou nach net gouf. Fir d'Ana Ivanovic ass et awer en Tournoi, deen duerchaus eng gewëssen Zukunft kéint hunn.
"Et ass schonn eng gewësse Virfreed do an et muss ee sech schonn op dësen Tournoi preparéieren. All déi Nimm am Tableau ze liesen, ass schonn opreegend, well et d'Top-Spillerinnen am WTA-Ranking waren. Och fir d'Spectateuren ass et intressant, fir hir Spillerin, déi si an der Zäit ugefeiert hunn, nees erëm ze gesinn an nozekucken, wéi mir elo an dëser Zäit géintenee spillen."