4:0 am Clasico - Barcelona léisst Real Madrid keng Chance

© AFP
An der Premier League klappt Manchester City Southampton. Den Owend steet a Spuenien de "Clasico" tëscht Real Madrid an FC Barcelona um Programm.
E Samschdeg waren och eng Partie Lëtzebuerger an den europäesche Ligen am Asaz.
La Liga
Real Madrid - FC Barcelona 0:4
0:1 Lewandowski (54'), 0:2 Lewandowski (56'), 0:3 Yamal (77'), 0:4 Raphinha (84')
Éischte Clasico, éischt Victoire: Den Hansi Flick an den FC Barcelona hu fir eng batter Néierlag vu Real Madrid gesuergt an am Estadio Santiago Bernabeu d'Tabelleféierung an der La Liga ausgebaut.
D'Katalanen hunn déi Kinneklech mat engem ganz effektive Futtball mat 4:0 (0:0) geklappt a leien elo sechs Punkte virum Champion an d'Champions-League-Gewënner Real. D'Gewënner vum Match waren de Robert Lewandowski mat zwee Goler (54'/56'), de Lamine Yamal (77') an de Raphinha (84').
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
Bundesliga
De Resumé vum 8. Spilldag kënnt Dir hei noliesen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Manchester City - Southampton 1:0
1:0 Haaland (5')
Manchester City huet et laang spannend gemaach, mee um Enn verdéngt gewonnen. Nom fréien 1:0 konnten d'Skyblues hir Iwwerleeënheet an hir Chancen net a weider Goler ëmmënzen, soudass et ergebnistechnesch spannend blouf. Well och Southampton war net ouni Golchance, där gouf et awer net ganz vill. Manchester City iwwerhëlt emol provisoresch d'Tabelleféierung vu Liverpool.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Neapel - Lecce 1:0
1:0 Di Lorenzo (73')
Neapel bleift Tabelleleader a vergréissert d'Avance op Inter Mailand provisoresch op 5 Punkten. D'Ekipp vum Vesuv huet sech laang schwéier gedoe géint eng defensiv agestallt Eelef vu Lecce. An der 26. Minutt hat sech Napoli ze fréi gefreet, well de Gol vum Di Lorenzo gouf vum VAR wéinst Abseits oferkannt. Dësen huet awer net opginn an huet de Ball an der 73. Minutt aus dem Gedruddels eraus am Gol ënnerbruecht. An der Schlussphas hätt Neapel d'Victoire souguer nach bal aus der Hand ginn.
Bologna - AC Mailand
Dëse Match gouf wéinst dem ville Reen an der Regioun Emilia-Romagna verluecht a gëtt eréischt am Februar 2025 nogeholl.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Lens - Lille 0:2
0:1 David (90+8', Eelefmeter), 0:2 Bayo (90+11')