Sandra Lieners a Charel Weicherding nei Championen
E Samschdeg goufen déi nei Landesmeeschteren am Trail iwwer déi kuerz Distanz gesicht. D'Championnat gouf vum CA Bieles organiséiert.
Nieft dem Plooschterprojet Trail goufen zu Bieles och déi nei national Meeschteren am Seniorsberäich gesicht. Op der kuerzer Distanz vun 18 Kilometer huet sech bei de Fraen d'Lokalmatadorin Sandra Lieners, d'Championne iwwer d'5 Kilometer op der Strooss, an enger Zäit vun 1:24:11 géint d'Shefi Xhaferaj vum Capa Ettelbréck (1:24:45) an d'Anne Reiser vum Celtic Dikrech (1:32:28) duerchgesat.
Bei den Hären hat de Gewënner Charel Weicherding (1:10:46) no 18 Kilometer eng änlech kloer Avance op den Zweeten David Trampert (1:11:04). Domat ginn de Championstitel an den Titel vum Vizemeeschter op Dikrech bei de Celtic. De Sven Remakel kennt den Terrain zu Bieles wuel gutt, koum an enger Zäit vun 1:12:21 awer just als Drëtten op d'Arrivée.
Beim Plooschterprojet Trail iwwer 18 Kilometer waren d'Elisabeth Nickels bei den Dammen an de Pedro Soares bei den Hären déi Séierst.
De Yannick Lieners, Initiator vum Plooschterprojet, huet vun dësem Trail profitéiert, fir sech op eng 10-km-Stroossecourse zu Nice ze preparéieren.