Brignone notzt Shiffrin-Patzer a gewënnt Riseslalom

© AFP
Beim Optakt vun der Schi-Alpin-Saison zu Sölden huet d'Italieenerin iwwerrascht. Duerch hire Feeler koum d'Mikaela Shiffrin just op d'Plaz 5.
Sölden ass traditionell den Optakt vun der Schi-Alpin-Saison, déi ëmmer de leschten Oktober-Weekend agelaut gëtt.
Obwuel d'Mikaela Shiffrin nom éischten Duerchgang a Féierung louch, huet si sech um Enn mat Plaz 5 mussen zefridde ginn. D'Amerikanerin hat am zweete Laf e Feeler agebaut, dee si vill Zäit kascht huet. Et war hiren éischte Riseslalom zënter der Verletzung am Januar.
D'Victoire goung e bëssen iwwerraschend un d'Federica Brigone, déi insgesamt 0,17 Sekonne méi séier war wéi d'Australierin Alice Robinson. D'Julia Scheib aus Éisträich huet de Podium komplettéiert, hat awer iwwer 1 Sekonn Réckstand. Mat enger staarker Zäit am zweeten Duerchgang konnt si sech awer nach vu Plaz 14 op de Podium no vir schaffen.
D'Schwäizerin Lara Gut-Behrami, d'Gewënnerin vum Gesamtweltcup 2023/24, huet opgrond vun enger Blessur kuerzfristeg mussen ofsoen.