Lëtzebuerger Dammen an der WM-Quali ausgescheet

© Archiv
Et war deelweis wuel eng besser Performance wéi géint Bulgarien, mee och géint Italien gouf et eng héich Néierlag.
Nodeem d'Lëtzebuerger Dammen e Samschdeg schonn eng kloer Néierlag géint Bulgarien astieche mussten, gouf et am zweete Match vum Qualifikatiounsturnéier eng weider héich Néierlag géint Italien. Um Enn stoung en 20:39 um Tablo.
D'Ufanksphas war vu béiden Ekippen zimmlech haseleg, déi vill technesch Feeler produzéiert hunn. Italien konnt sech fréi ofsetzen, mee huet de Match dunn ze vill op déi liicht Schëller geholl. Duerch eng gutt Defense an der éischter Véierelstonn koum Lëtzebuerg nees erun. Nodeem d'Rout Léiwinnen no 14 Minutten op ee Gol dru waren, huet den italieeneschen Trainer en Timeout geholl, fir seng Ekipp waakreg ze rëselen. Dat huet och funktionéiert, well Italien den Ecart mat engem 5:0 nees zu senge Gonschte gedréint krut.
Grad wéi am Match géint Bulgarien hunn d'Lëtzebuergerinne vill technesch Feeler produzéiert, wat zu Konterattacke mat einfache Géigegoler geféiert huet. Ausserdeem si vill Schëss un der gutt opgeluechter italieenescher Golkippesch hänke bliwwen.
Um Enn vun der éischter Hallschent huet den Trainer Michel Scheuren ganz vill gewiesselt a mat 7 Feldspillerinne gespillt. Dat huet dozou geféiert, dass seng Ekipp an d'Form vum Bulgarien-Match zeréckgefall ass an Italien d'Avance bis zur Paus nach op 10 Goler (21:11) ausbaue konnt.
Italien huet am zweeten Duerchgang do weidergemaach. Lëtzebuerg huet weiderhi keng Solutioune géint d'italieenesch Defense fonnt, huet et trotzdeem mam 7 géint 6 versicht, Lächer ze fannen. Der jonker lëtzebuergescher Ekipp sinn an den zweeten 30 Minutte keng 10 Goler gelongen. Italien huet säi Stiwwel bis zum Enn erofgespillt a gewënnt dëse Match verdéngt. D'Südeuropäerinne stinn domat an der nächster Qualifikatiounsronn fir d'Weltmeeschterschaft 2025, Lëtzebuerg ass no zwou Néierlagen eliminéiert.
D'Joy Wirtz war bei sengem Retour an de Lëtzebuerger Kader mat 7 Goler déi bescht Buteuse.