Um Freideg den Owend ass dem Lëtzebuerger mat sengem Päerd Foxy de la Roque eng sensationell Victoire gelongen.

Déi zwee hunn de Grousse Präis beim CSI5* Weltcup-Tournoi zu Lyon fir sech entscheet. Et war ee Sprange vun 1,60m mat Stiechen, wou sech 8 Reider vu 47 Starter konnte qualifizéieren, dorënner och de Victor Bettendorf mat sengem Päerd.

Am Stiechen ass hinnen och eng feelerfräi Ronn gelongen, dat mat enger ganz séierer Zäit vu 36.06 Sekonnen un déi kee méi erukomme sollt. Domat hunn déi zwee all Sprange vun engem 1,60m gewonnen, bei deem si un den Depart gaange sinn.

Och d'Qualifikatioun fir d'Weltcup-Sprangen um Sonndeg ass domat geséchert.