De Match Phare vum 30. Spilldag, deen e Samschdeg de Mëtteg um 16 Auer gespillt gëtt, ass d'Partie Biissen géint Déifferdeng. Sollt den aktuellen Tabelleleader FC Déifferdeng wannen oder gläich spillen, geet et duer fir de Championstitel. Biissen brauch dogéint onbedéngt eng Victoire.
Hei fannt Dir d'Kadere vun den Ekippen.
Déi weider Matcher vum leschte Spilldag ginn zäitgläich ëm 16 Auer ugepaff. Dobäi ass et och am Tabellekeller spannend ëm d'Ofstigs- a Barrageplazen. D'Partië kënnt Dir wéi gewinnt an der RTL Live Arena suivéieren.
Commentaire: Gilles Tricca a Serge Olmo
Start vum Stream: 15.55 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 18.00 Auer