Decisioun ëm den Titel am Futtball-ChampionnatDéifferdeng oder Biissen, wie gewënnt den Titel?

RTL Lëtzebuerg
Biissen muss gewannen, e Gläichspill geet Déifferdeng duer.

E Samschdeg de Mëtteg um 16:00 Auer gëtt de Match tëscht Biissen an Déifferdeng ugepaff. D'Gäscht aus dem Süden hu virun der decisiver Partie 65 Punkten an domat dräi Punkten Avance op hiren direkte Verfollger a géifen am Fall vun engem Gläichspill hiren Titel verdeedegen. Fir Biissen geet eng Victoire, egal wéi héich duer, fir eng excellent Saison mat engem Titel ofzeschléissen.

D'Partie gëtt mat Commentaire live um 1. RTL op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu an um RTL Play iwwerdroen. Och am Liveticker kënnt Dir live mat dobäi sinn.

Déi lescht zwee Joer war et den FCD03 dee Club, deen den nationale Futtball dominéiert huet. Biissen huet en impressionnante Parcours hannert sech an ass aus der éischter Divisioun, iwwer d'Éierepromotioun bis an d'BGL Ligue duerchmarschéiert a spillt do direkt ganz uewe mat.

An der Geschicht vum Lëtzebuerger Futtball gouf et an der Nationaldivisioun nach ni e Champion am nërdlechen Deel vum Land. An der Vergaangenheet waren et ganz dacks Veräiner aus dem Süde vum Land, déi d'Championnat dominéiert hunn. Ausname si Gréiwemaacher an d'Veräiner aus der Staat an Ëmgéigend.

Stëmmt mat of

Den Iwwerbléck vum internationale Futtball

Back to Top
CIM LOGO