De Findel steet virun enger neier Etapp vu senger Entwécklung. Um Lëtzebuerger Flughafe goufen e Freideg zwou Initiative presentéiert, déi weisen, wéi sech de Site tëscht moderner Technologie an internationaler Presentatioun nei opstelle wëllt. Presentéiert gouf engersäits de Modell vum neien hybride Kontrolltuerm, dee vun 2032 un de Loftverkéier um Findel leede soll. Dobäi gouf och den neie "Luxembourg House Pop-up Store" ageweit, e Buttek, dee mat senge lokale Produiten eng Vitrinn fir d'Lëtzebuerger Kultur soll sinn.
En Iwwergangsbuttek mat reng Lëtzebuerger Produite soll Loscht maachen, e Stéck Lëtzebuerg ze kafen an ze verschenken oder mat Heem ze huelen - dat ass d'Iddie hannert dem Luxembourg House, dee seng Dieren um Findel opgemaach huet. Direkt zwee DP-Ministeren hate sech duerfir an den Hall vum Fluchhafen deplacéiert.
Potential ass genuch do, well net manner wéi 5 Millioune Leit duerch de Fluchhafen transitéieren. Et muss een da just nach stoe bleiwen a sech d'originell Wuer am Luxembourg House och ukucken. De Wirtschaftsminister Lex Delles erwaart sech vill vun dësem zweete Buttek mat lokale Produiten an als gudde Vendeur weess hien och, wat d'Pallett vun de Produiten am neie "Lëtzebuerg-Buttek" ass, deen als Pop-Up-Shop elo mol bis Dezember op huet.
Am Luxembourg House gëtt duerch déi ausgewielt Produiten e Stéck Lëtzebuerg verkaf, einfach a liicht ze transportéieren an enk verbonne mam Produzent an der Lëtzebuerger Sprooch. Enn vum Joer mécht de Buttek um Findel dann nees zou, wärenddeem en neit Luxembourg-House am Zentrum vun der Stad opgeet.
Hightech am Kontrolltuerm
An de leschte Jore war d'Iddi vun engem komplett virtuelle Kontrolltuerm nach ëmstridden. Elo setzt Lëtzebuerg op eng Mëschung aus physescher an digitaler Infrastruktur. D'Maquette, déi presentéiert gouf, ass am Fong eng sougenannte "Mock-Up", dat heescht eng realistesch Virlag vum zukünftege Kontrolltuerm, mat där d'Technik, d'Aarbechtsëmfeld an déi digital Systemer schonn am Viraus getest a visualiséiert kënne ginn. Mam neien hybride Kontrolltuerm wëllt Lëtzebuerg sech technologesch besser op d'Zukunft preparéieren a virun allem d'Sécherheet an d'Effizienz vum Loftverkéier um Findel verbesseren.
Den Andrea Drescher Direkter vun der ANA – Administration de la navigation aérienne - erkläert: "Et gëtt och vun Hybridtower geschwat, wat déi lescht Etapp ass, mee do dertëschent musse mir net just Equipementer änneren, déi mam Tuerm ze dinn hunn, mee och dat wat mam Radar ze dinn huet, eis Chaîne de surveillance. Dat heescht et ass just d'Spëtzt vum Äisbierg vun der Digitalisatioun vun eisem Beruff. Mir sinn och Provider vun Donnéeën, dat muss och alles digitaliséiert ginn. Dat heescht mir weisen hei déi éischt Etapp, déi déi visuellsten ass, mee a Wierklechkeet wäert an deene nächste 6 Joer immens vill geschéien op all eisen Equipementer."
Den neie hybriden Tuerm wäert Technologien hunn, déi et erméiglechen, iwwer Ecranen de Loftverkéier och bei schlechter Visibilitéit oder schwierege Wiederkonditioune méi prezis an effizient ze iwwerwaachen. Hybrid heescht, dass den Tuerm eng Kombinatioun aus klassescher visueller Iwwerwaachung an digitale Systemer erméiglecht, soudatt d'Fluchlotsen net ausschliisslech op virtuell Technologie ugewise sinn.
"Wat op alle Fall hei de Fall ass, dat sinn héichopléisend Kamerae mat der Capacitéit eran ze zoomen an dann Ecranen, wou dir Donnéeë kënnt dobäi hunn, par rapport zu deenen déi d‘Kontrolleuren aus der Fënster gesinn, an nach ganz vill aner Techniken. Wat nach net kuerzfristeg de Fall ass, dat ass d'IA. Well mir sinn an engem Geschäft, wou de Mënsch fundamental ass am Decisiounen, Suivéieren, dat heescht et ass ëmmer de Fluchlotsen, deen dat lescht Wuert huet."
