Formel 1: Grousse Präis vu KanadaGeorge Russell geet am Sprint als Éischten op Punktejuegd

RTL Lëtzebuerg
Mam Kimi Antonelli steet och den zweete Mercedes an der éischter Startrei. Hannendru kommen déi zwee McLaren, Ferrari a Red Bull.
© ANDREJ IVANOV/AFP

Um Circuit Gilles Villeneuve zu Montreal huet sech den George Russell d'Pole Position fir de Sprint um Samschdeg geséchert. De Britt konnt sech mat just 0,068 Sekonne Virsprong op säin Teamkolleeg a Spëtzereider am WM-Klassement Kimi Antonelli knapp duerchsetzen. McLaren huet ënner Beweis gestallt, dass d'Punkten aus dem Miami-Grand-Prix net just e One Shot waren. De Weltmeeschter Lando Norris start vu Plaz 3, direkt hannendrun den Oscar Piastri.

Ferrari a Red Bull hu sech déi zwou nächst Startreien ënnert sech opgedeelt. De Lewis Hamilton konnt seng staark Ronnenzäiten aus dem SQ1 an SQ2 net confirméieren. D'Plazen 9 an 10 ware fir den Arvid Lindblad an de Carlos Sainz.

De Verstappen huet am SQ2 laang mat enger séierer Zäit op sech waarde gelooss, um Enn sollt et awer mat Plaz 9 duergoen. Audi war drop an drun, mat engem Auto am SQ3 dobäi ze sinn, mee de Carlos Sainz huet deem an der leschter Ronn e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Och Schluss war fir de Colapinto an déi zwee Haas-Piloten Ocon a Bearman.

De Fernando Alonso hat mat engem Crash an der Kéier 3 fir eng tëschenzäitlech Ënnerbriechung gesuergt; an dat 100 Sekonne viru Schluss vum SQ1. Wéinst der ze kuerzer Zäit, fir eng schnell Ronn ze realiséieren, konnte sech eng Rei Piloten net méi verbesseren, dorënner de Pierre Gasly. Nieft dem Fransous waren och Perez, Stroll a Bottas fréi eraus. Den Alexander Albon an de Liam Lawson ware wéinst technesche Problemer guer net ugetrueden a starten am Sprint vu ganz hannen. Den Alonso krut sech trotz senger Sortie fir déi nächst Ronn qualifizéiert a geet vun der 16. Plaz an d'Sprintcourse, well hien net méi agräife konnt.

Dir kënnt de Sprint e Samschdeg ab 17.55 Auer Lëtzebuerger Zäit op RTL ZWEE an op RTL Play suivéieren. D'Qualifikatioun fir d'Course e Sonndeg gëtt vun 21.55 Auer un iwwerdroen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen

FORMULA 1 LENOVO GRAND PRIX DU CANADA 2026

Back to Top
CIM LOGO