De Lëtzebuerger Gil Linster geet an der NASCAR Euro OPEN mat der Startnummer 50 un den Depart, dat op engem Ford Mustang vum Team Hendriks Motorsport.
An der EuroNASCAR stinn dës Saison 6 Course-Weekender um Programm, ugefaangen dëse Weekend mat där zu Valencia a Spuenien. All d'Coursse vun der EuroNASCAR gi live op RTL.lu, der App an RTL Play iwwerdroen.
NASCAR Euro OPEN - RACE 1, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play
Samschdeg, 22. Mee 2026:
Ufank vun der Emissioun: 18h10
Course: 18h25
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 19h25
NASCAR Euro OPEN - RACE 2, mir iwwerdroen de Programm op RTL.lu an um RTL Play.
Sonndeg, 23. Mee 2026:
Ufank vun der Emissioun: 10h30
Course: 10h55
Viraussiichtlecht Enn vun der Emissioun: 11h55
