Nationale Futtball                            
                            Stroossen confirméiert RTL-Info, datt Bensi neien Trainer ass
                    © Val Wagner (Archiv)
Aus dem nationale Futtball ass et d'Nouvelle, datt Stroossen sech vum Trainer Vitor Pereira getrennt huet.
De Club huet eis Informatiounen elo confirméiert. De Stefano Bensi ass neien Trainer beim Tabellen-6. aus der BGL-Ligue. Hie gëtt assistéiert vum Tom Schnell a vum Veldin Muharemovic, déi schonn op der Fola un der Säit vum Bensi waren. Stroossen hat de leschte Weekend beim Tabelleleschten Monnerech nëmme gläichgespillt.
                            Am meeschte gelies