Kritik vun Déi GréngD’Vermeide vu Mikroplastik duerch syntheetesch Sportsterraine wier fir d’Regierung keng Prioritéit

Monique Kater
Wat ass d’Haltung vun der Regierung am Ëmgang mat Polymeriquen? Enttäuschend, seet déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring, déi mat enger Äntwert vun der Sportministesch op hir Fro iwwer syntheetesch Sportsterrainen net zefridden ass.
Kritik vun Déi Gréng iwwer d'Vermeide vu Mikroplastik op Sportsterrainen
D’Vermeide vu Mikroplastik, deen duerch syntheetesch Sportsterrainen an d’Ëmwelt geréit, ass fir d’Regierung keng Prioritéit

Sportsministère seet sech net kompetent

Wéi vill syntheetesch Sportsterrainen ginn et eigentlech hei am Land? A kréien intresséiert Gemenge beim Ministère Informatiounen iwwer esou Terrainen oder Alternativen dozou? Dat wollt d’Deputéiert Joëlle Welfring vum Martine Hansen wëssen.

D’Gemenge géife grad ewéi d’Clibb, wat hire Choix ugeet, zimmlech eleng gelooss, kréichen um Ministère keng Rotschléi. D’Responsabilitéit léich beim Bauhär, sou d’Ministesch, déi och erkläert, dass een net wéisst, wéi vill syntheetesch Terrainen et bei eis géif.

Dobäi wier dat hei eng komplex Matière, sou d’Joëlle Welfring, déi och matkritt huet, dass Eltere sech Suerge maachen iwwert d’Gesondheet vun hire Kanner, wa se op esou engem Terrain Futtball spillen. De Sportsministère wier hei net kompetent, sou d’Äntwert.

Wat seet eis den Environnement?

D’Waasserwirtschaftsamt, dat virun enger Rei Wochen e syntheetesche Futtballsterrain an enger Héichwaasserzon zu Useldeng erlaabt huet, fixéiert seng Oplagen, hat vis-à-vis vun RTL awer confirméiert, dass am Waassergesetz konkret Virgaben a Grenzwäerter fir e korrekt Ëmgoe mat Mikroplastik géife feelen.

EU: Phasing Out bis de 17. Oktober 2031

Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz erkläert: Dee gréisste Pourcentage vun der Pollutioun duerch Mikroplastik, déi mir wëssentlech zouloossen, staamt vu Sportsterrainen – ronn 16.000 Tonnen. D’EU géing dee Problem ugoen, geet an Etappe géint den Asaz vu Polymeriquen a syntheeteschen Terraine vir, fir en dann op de 17. Oktober 2031 ganz ze stoppen. Allerdéngs: D’Terrainen, déi schonn do sinn, dierfe weider benotzt ginn.

Méi Etüden op europäeschem Plang

Sech méi mat Alternative beschäftegen, wier eng Méiglechkeet, mee am Dossier Mikroplastik misst ee virun allem méi e groussen Accent op d’Recherche leeën. Dem Tilly Metz no bräichte mer onbedéngt Etüden, fir erauszefannen, wat wierklech den direkten Impakt op d’Gesondheet vum Mënsch ass. Den negativen Impakt op d’Natur an d’Aarte wier erwisen.

Lëtzebuerg hätt seng Ambitiounen erofgeschrauft

D’Initiative vun der viregter Regierung 2022 géif vun der aktueller, wat d’Ambitiounen ugeet, erofgeschrauft. “Einwegplastik” sollt jo zum Beispill ganz evitéiert ginn, seet d’Joëlle Welfring, elo wieren d’Delaien awer verlängert. D’Deputéiert bleift dobäi: D’Regierung dierft a Saache Choix vu Sportsfelder, d’Gemengen net eleng loossen, ob se syntheetesch oder natierlech sinn, dat Ganzt am Intressi vun der Gesondheet vu Mënsch an Ëmwelt.

Link: Question parlementaire vum Joëlle Welfring un d’Sportsministesch

Back to Top
CIM LOGO