O Gran CamiñoMats Wenzel schléisst déi zweet Etapp op der zweeter Plaz of

Steven Milbert
E Mëttwoch gouf déi zweet Etapp vun der spuenescher Vëloscourse "O Gran Camiño" gefuer. Op dëser wosst de Lëtzebuerger ze iwwerzeegen.
© Charel Meyers

Iwwer knapps 148 Kilometer ass et e Mëttwoch an der zweeter Etapp vun der Course “O Gran Camiño” vu Vilalba op Barreiros gaangen. Als éischten iwwert d’Zillinn sollt dobäi de Spuenier Carlos Canal fueren, dee sech am Sprint géint seng Kontrahenten duerchsetze konnt. Dëst mat engem Chrono vun 3 Stonnen, 13 Minutten a 25 Sekonnen. Nom Spuenier sollt de Lëtzebuerger Mats Wenzel iwwert de wäisse Stréch fueren. Dëst mat der gläicher Zäit, ewéi de Gewënner vum Dag. Komplettéiert gëtt de Podium vum Uruguayer Eric Fagúndez.

Fir de Mats Wenzel geet et an deenen nächsten Deeg nach op dräi Etappe weider, ier datt een dann e Sonndeg um Monte Trega ukënnt. Am Generalklassement steet de Lëtzebuerger den Ament op der 24. Plaz. Den éischten ass hei de Portugis Rafael Reis. Op dësen huet de Mats Wenzel 1 Minutt a 16 Sekonne Retard.

Back to Top
CIM LOGO