De Maxime Chanot äntwert op d'Aussoe vum Luc Holtz

© AFP
Den 71-fache Nationalspiller fillt seng Integritéit a Fro gestallt.
De Maxime Chanot huet no der Pressekonferenz vum Futtballnationaltrainer Luc Holtz vun en Donneschdeg an engem Communiqué, deen nees net der ganzer Lëtzebuerger Sportspress virläit, nogetrëppelt. Doran huet hien e Freideg de Moie geschriwwen, datt seng Blessure um Knéi deen eenzege Grond gewiescht wär, firwat hien d‘Ekipp am Oktober virum Match géint Bulgarien verlooss hätt.
De Luc Holtz hat en Donneschdeg op der Pressekonferenz bei der Kader-Presentatioun fir d‘Matcher am November an der Nations League gesot, datt déi Blessure just no bausse fir d‘Ëffentlechkeet, op Wonsch vum Spiller, als Virwand geholl gi wär, fir datt de Chanot net misst bei der Ekipp bleiwen. Just do virdrun hätt den FLF-Coach dem Chanot nämlech gesot, datt hien d‘Partie a Bulgarien net géif mat ufänken, an op der Bänk Plaz misst huelen.
Op der Pressekonferenz huet de Luc Holtz matgedeelt, datt hie réischt no den zwee Matcher an der Nations League weider géif op dat Thema agoen. De 15. an de 18. November spillt Lëtzebuerg am Stade de Luxembourg géint Bulgarien a géint Nordirland.