Remis tëscht Chelsea an Arsenal, Frankfurt wënnt zu Stuttgart

© GLYN KIRK/AFP
Mat enger klorer 3:0-Victoire géint Leicester huet Manchester United sech donieft e klenge Polster no ënne kreéiert.
An der Serie A huet d'AS Roum eng Néierlag géint Bologna missen astiechen. Kuerz nom Schlusspaff huet de Veräi matgedeelt, datt den Ivan Juric net méi Trainer ass. Et ass schonns den zweeten Trainerwiessel beim Club aus der Haaptstad an der Saison.
Atlético Madrid bleift a Spuenien un Spëtzenduo drun.
Bundesliga
Augsburg - Hoffenheim 0:0
An der 1. Hallschent war et eng Partie op Aenhéicht ouni datt et grouss Chancë gouf. Nom Säitewiessel war Hoffenheim méi aktiv, huet sech awer net belount. Um Enn sinn an der Partie keng Goler gefall. An der Tabell hëlleft dee Punkt kenger Ekipp weider.
Stuttgart - Frankfurt 2:3
0:1 Ekitiké (45'), 0:2 Brown (55'), 0:3 Marmoush (62'), 1:3 Vagnoman (87'), 2:3 Woltemade (90')
E knappen Erfolleg gouf et fir Frankfurt zu Stuttgart. 87 Minutte laang huet Frankfurt wéi de séchere Gewënner ausgesinn. No 62 Minutte louch ee mat 3:0 vir, an dat och, well d'Spiller vum Dino Toppmöller virum Gol déi néideg Reussite haten. Stuttgart huet gutt matgespillt, konnt awer net markéieren. An der Schlussphas sollt sech dat änneren. Bannen 3 Minutten hu Vagnoman a Woltemade Stuttgart op 2:3 erubruecht. Mat der leschter Aktioun sollt de Führich och nach den drëtte Gol fir Stuttgart markéieren. De VAR huet awer op Abseits entscheet a Frankfurt konnt sech iwwer 3 Punkte freeën.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Premier League
Manchester United - Leicester 3:0
1:0 Fernandes (18'), 2:0 Fernandes (39'), 3:0 Garnacho (82')
D'Heemekipp huet eng souverän Victoire gefeiert. ManU war vun Ufank u méi staark wéi hire Géigner. An der 1. Hallschent konnt de Bruno Fernandes 2 Goler markéieren a seng Ekipp op d'Gewënnerstross féieren. De Garnacho konnt mam 3. Gol alles kloer maachen.
Chelsea - Arsenal 1:1
0:1 Martinelli (60'), 1:1 Neto (70')
An enger ausgeglachener Partie hunn Chelsea an Arsenal d'Punkte gedeelt. D'Gäscht sinn no ronn enger Stonn a Féierung gaangen. 10 Minutte méi spéit huet Chelsea awer ausgeglach. Kuerz viru Schluss hat den Trossard déi grouss Chance op den 2:1 fir Arsenal, de Spiller huet de Ball awer net am Gol ënnerbruecht. An der Tabell sti béid Ekippe punktgläich op de Plazen 3 a 4. Arsenal waart awer elo säit 4 Partien op en Erfolleg.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
AS Roum - Bologna 2:3
0:1 Castro (25'), 1:1 El Shaarawy (63'), 1:2 Orsolini (66'), 1:3 Karlsson (77'), 2:3 El Shaarawy (82')
Bei der AS Roum leeft et weiderhin net ronn. Géint Bologna louch een no der 1. Hallschent hannen. Nom Téi konnt d'Heemekipp ausgläichen, Bologna huet awer mat 2 Goler bannen 11 Minutte reagéiert. Den El Shaarawy huet seng Ekipp nach emol erubruecht, et sollt awer bei der 2:3-Defaite bleiwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
La Liga
Mallorca - Atlético Madrid 0:1
0:1 Alvarez (61')
De Minimalisten aus der Haaptstad ass e Gol duerch den Alvarez an der 61. Minutt duergaange, fir sech déi 3 Punkten ze sécheren. An der Tabell klëmmt een nees op déi 3. Plaz. Op Real Madrid huet Atlético ee Punkt Retard bei engem Match méi, op Barcelona ganz uewen an der Tabell feele 7 Punkten.