Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDanel Sinani ënnerschreift bei Sampdoria Genua

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller war d'lescht Saison mat St. Pauli an déi 2. däitsch Bundesliga ofgestigen.
Danel Sinani am Tricot vun de Roude Léiwen
© DOMENIC AQUILINA/NurPhoto via AFP

Den Danel Sinani huet een neie Veräin fonnt. De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller huet e Kontrakt vun zwee Joer bei Sampdoria Genua aus der 2. italieenescher Liga ënnerschriwwen.

Den 29 Joer ale Lëtzebuerger war déi lescht Saison mat St. Pauli an déi 2. däitsch Bundesliga ofgestigen. Elo probéiert hie säi Gléck an Italien. Sampdoria Genua hat sech 1991 de bis ewell eenzege Championstitel an Italien geséchert. 2023 war een an d'Liga B ofgestigen an 2025 bal an d'Liga C gefall. Duerch d'Insolvenz vu Brescia war Genua awer an d'Play-outs nogeréckelt an hat do de Maintien gepackt. Déi lescht Saison huet een op Plaz 13 ofgeschloss. Fir d'nächst Saison probéiert sech de Veräin nei a besser opzestellen. Mam Bernardo Corradi gouf een neien Trainer engagéiert. Nei am Kader ass mam Lorenzo Insigne och e fréieren Nationalspiller.

Den Danel Sinani ass aktuell deen zweete Lëtzebuerger Spiller an Italien. Déi lescht Saison war de Seid Korac mat Venedeg an d'Serie A opgestigen.

Mathias Olesen kuerz viru Wiessel an Dänemark

De Mathias Olesen soll dänesche Medien no kuerz virun engem Wiessel vu Greuther Fürth aus der 2. däitscher Bundesliga bei SönderjyskE an déi éischt dänesch Liga stoen.

Laurent Jans verlängert Kontrakt beim SK Beveren

De Laurent Jans spillt eng weider Saison an der Belsch. De Kapitän huet säi Kontrakt zu Beveren ëm ee Joer verlängert. D'lescht Saison war de Veräin mat 88 Punkte souverän an déi éischt Liga am belsche Championnat opgestigen.

Dirk Carlson zitt et a Georgien

Fir den Dirk Carlson geet et aus Éisträich a Georgien. Den 28 Joer ale Lëtzebuerger wiesselt vu St. Pölten aus der 2. éisträichescher Liga bei FC Dinamo Batumi an déi éischt georgesch Liga. Hien huet e Kontrakt bis Summer 2027 ënnerschriwwen.

Mam Vahid Selimovic spillt e weidere Lëtzebuerger a Georgien. Hie steet bei Iberia Tiflis ënner Kontrakt.

Back to Top
CIM LOGO