Streidereien an der Stad an zu EschPersoun wärend Sträit op Buedem gefall a liewensgeféierlech blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Vun Donneschdegnomëtteg bis an den Owend era war d'Police zu Esch an an der Stad wéinst enger Rei Streidereien am Asaz.
© Laurent Weber

Géint 17 Auer koum et zu enger kierperlecher Ausenanersetzung tëschent dräi Leit zu Esch komm. Zwou Persounen hätten hei am Sträit ëm eng Kreditkaart op eng drëtt ageschloen. Déi Bedeelegt konnte vu Passante getrennt ginn a koumen an eng Ausniichterungszell well si staark alkoholiséiert waren. Et gouf Pretekoll wéinst Kierperverletzung erstallt.

E weidere Sträit tëschent e puer Persoune gouf et da géint 20:30 Auer an der Entrée vun der Stater Gare. Wéi d'Police op d'Plaz koum, gouf eng Persoun vu Sécherheetsbeamten um Buedem festgehalen. Och dës war staark alkoholiséiert an huet am Uschloss versicht, d'Sécherheetsleit an och d'Beamte vun der Police z'attackéieren. Dës Persoun, wéi och eng zweet, déi sech amësche wollt, koumen an d'Ausniichterungszell.

Um 22 Auer dann eng weider kierperlech Ausenanersetzung an der Stad: Zwee Männer hunn als éischt matenee gestridden ier se och handgräiflech gi sinn. Dobäi ass ee vun hinne gefall an huet sech blesséiert, der Police no esou uerg, datt hie kuerzzäiteg a Liewensgefor war. Entretemps ass säin Zoustand allerdéngs nees stabil. Eng Enquête zu de geneeën Hannergrënn vum Sträit, gouf lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO