Tour de France: 7. EtappDen Tim Merlier war dee Séiersten zu Bordeaux

Charel Meyers
Déi 7. Etapp vum Tour de France goung vun Hagetmau iwwert 175 flaach Kilometer op Bordeaux. No der schwéierer Etapp vun en Donneschdeg huet sech um Enn näischt am General geännert.
Den Tim Merlier huet d'Etapp zu Bordeaux am Sprint gewonnen
Den Tim Merlier huet d'Etapp zu Bordeaux am Sprint gewonnen
© JEFF PACHOUD/AFP

Zu Bordeaux war et déi zweete Chance vun de Sprinter an dësem Tour de France. Um Enn setzt sech den Tim Merlier virum Soren Waerenskjold an dem Biniam Girmay duerch. De Lëtzebuerger Alex Kirsch gëtt den 111., nodeems hie sech um Enn fir säi Sprinter Milan Fretin agesat hat. Am General bleift den Tadej Pogacar am giele Maillot. Hei goufen et keng gréisser Ännerungen.

Tour de France: 7. Etapp: Den Tim Merlier war dee Séiersten zu Bordeaux
Déi 7. Etapp vum Tour de France goung vun Hagetmau iwwert 175 flaach Kilometer op Bordeaux.

No der schwéierer Etapp vun en Donneschdeg mat den Haaptschwieregkeete Col d’Aspin a Col du Tourmalet, goung et déi Kéier vun Hagetmau op Bordeaux. Mat nëmmen enger Schwieregkeet vun der Kategorie 4, der Côte de Béguey, sollten d’Sprinter fir déi zweete Kéier an dësem Tour op hier Käschte kommen.

Nodeems d’Course lancéiert war, hate sech zwee Coureuren aus dem Stëbs gemaach. Dat waren de Baptiste Veistroffer aus der Ekipp Lotto Intermarché an de Jakub Otruba vu Caja Rural-Seguro RGA. Béid Coureure kruten awer net méi wéi zwou Minutten Avance.

Déi zwou belsch Ekippen Alpecin Premier Tech a Soudal Quick Step haten de Peloton kontrolléiert. 17 Kilometer virun der Arrivée zu Bordeaux goufen de Baptiste Veistroffer an de Jakub Otruba dunn agefaangen an d'Sprinter-Ekippen hu sech dono prett gemaach an a Positioun bruecht. D'Arrivée zu Bordeaux war ganz hektesch. Hei ass den Tim Merlier als Éischten iwwert de wäisse Stréch gefuer.


D'Resultater


Den Tour de France 2026 a Biller

Back to Top
CIM LOGO