TennisGilles Müller gëtt Directeur Technique bei der FLT

Tom Hoffmann
D'Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet e Freideg de Moien hir nei sportlech Strategie presentéiert an dobäi och de Poste vum Directeur Technique National offiziell virgestallt.
Gilles Müller gëtt Directeur Technique bei der FLT
D'Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet e Freideg de Moien hir nei sportlech Strategie presentéiert.

Dës Roll iwwerhëlt keen aneren ewéi de fréiere Weltklassespiller Gilles Müller. dee mat senger nationaler an internationaler Erfarung de sportleche Volet vum Lëtzebuerger Tennis an de kommende Jore matgestalte soll.

Vum 1. August u wäert de Gilles Müller offiziell Directeur Technique vun der FLT sinn. Strukturen Opbaue fir den Tennis, Paddel an Pickleball, donieft nach d’Nationalekippe vun den Hären an Dammen geréieren an Terrainsarbescht maachen, fir Talenter ze fannen an ze fërderen. De "Mulles" wäert sech virun allem ëm d’U16- an U18-Kategorien, souwéi ëm eis Jugend- a Seniore-Nationalekippen këmmeren. Dobäi ënnerstëtzt hien d’Anne-Laure Heitz, déi sech an Zukunft nach méi op d’Detektioun an d’Entwécklung vun den U10-, U12- an U14-Spiller konzentréiert. Dat sinn nëmmen e puer Aufgaben, déi op de Gilles Müller wäerten duerkommen:

"Ech mengen do si mer breet opgestallt, dass ech do genuch Hëllef kréien, fir dass mer dat schonn hikréien. Wat ganz wichteg ass, dass mer méi enk mat de Veräiner zesumme schaffen. Ech mengen, mir sinn e klengt Land, mir hunn elo net Talenter, déi un de Beem wuessen. Dat heescht déi puer, déi do sinn, musse wierklech sou gutt wéi méiglech encadréiert ginn. An ech mengen do ass et ganz wichteg, de Lionel (Generaldirekter vun der FLT) hat schonn ugeschwat, dass do all Mënsch mat am Boot sëtzt. Dat heescht FLT, Club an och d' Elteren. An dat ass eppes, wou ech mengen, wou mer wierklech kënne vill verbesseren."

Och no senger aktiver Karriär ass de Gilles Müller dem Lëtzebuerger Tennis trei bliwwen. Bei der FLT ass een dofir besonnesch frou, datt déi fréier Nummer 21 vun der Welt dës zentral Roll iwwerhëlt.

De Claude Lamberty, President vun der FLT: "Dat ass fir mech natierlech net nëmmen ee Schrëtt no vir, mee strukturell gesi wierklech mindestens dräi Schrëtt no vir, wou mer ëmmer am Optrag vun eise Spiller, vun eise Veräiner kënne schaffen, fir de Lëtzebuerger Tennissport mat sengen dräi Piliere mat Tennis, Paddle a Pickleball kënnen no vir ze bréngen. Dat heescht, mir sinn eng ganz Etapp méi wäit. Mir sinn nach net do ukomm, wou mir wëllen, mee mir sinn awer wierklech méi wäit. An doriwwer sinn ech extreem frou."

De Claude Lamberty iwwer Schrauwen, un deenen nach muss gedréint ginn
"Mir sinn nach net do ukomm, wou mir wëllen, mee mir sinn awer wierklech méi wäit. An doriwwer sinn ech extreem frou."

De Gilles Müller bleift net nëmmen de Kapitän vun der Davis-Cup-Ekipp mee wäert och Billie-Jean-King-Cup-Ekipp an enker Zesummenaarbecht mat der Kapitänin Claudine Schaul begleeden. Vum elo u gëtt hien awer vum Gilles Kremer a Mike Scheidweiler verstäerkt. E Choix, dee fir Entlaaschtung suerge soll. Am September spillt d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp hei Heem géint Ungarn.

De Gilles Müller: "Ech fannen et immens flott, dass de Mike zougesot huet. Dat mam Gilles war scho relativ kloer. Ech hat schonn Diskussioune virun zwee Jore gefouert, wou ech gesot hunn: Mat allem Respekt, du kënns elo an den Alter, wou et awer vläicht besser wär, vläicht déi aner Schinn ze huelen a wäers de interesséiert, mer duerno ze hëllefen. An hie war direkt Feier a Flam dofir. En huet souwisou schonn déi lescht Joren, wou hien als Spiller eng Ekipp war, quasi de Rôle als 2. Trainer geholl. Elo ass et eeben offiziell. Mee u sech ännert dem Gilles säi Rôle net ganz vill."

Vum 1. August un kann de Gilles Müller als Architekt vum Lëtzebuerger Tennis gesi ginn, mat der Ambitioun, déi nächst Generatioun op den internationalen Niveau ze guidéieren.

De Gilles Müller seet dem TC Spora och Merci, dass de Veräin matgespillt huet, dass hie bei Tennisfederatioun wiessele konnt.

De Gilles Müller iwwert de Wiessel bei d'FLT
D'Lëtzebuerger Tennisfederatioun huet e Freideg de Moien hir nei sportlech Strategie presentéiert an dobäi och de Poste vum Directeur Technique National offizie

Back to Top
CIM LOGO