Bundesliga
TSG Hoffenheim trennt sech vum Pellegrino Matarazzo

© AFP
E Méindeg huet de "Kicker" annoncéiert, datt de Pellegrino Matarazzo an Zukunft net méi op der Trainerbänk vun Hoffenheim wäert sëtzen.
De Kontrakt vum 46 Joer alen US-Amerikaner wier nach bis Enn der Saison gelaf. De Matarazzo hat de Bundesligist am Februar 2023 iwwerholl a konnt de Maintien sécheren. No enger gudder Saison 2023/2024 leeft et dës Saison net méi esou gutt an de Veräin huet elo wuel d'Decisioun geholl, dass d'Resultater a leschter Zäit net méi gutt genuch sinn, fir weider am Futtballtrainer ze schaffen. Wien d'Successioun vum US-Amerikaner iwwerhëlt, ass nach net gewosst.
Am meeschte gelies