An dësen Deeg spillen déi aacht bescht Lëtzebuerger Tennisspiller a Spillerinnen zu Esch am nationalen Tenniszenter géinteneen.

Et ass elo schonn dat 10. Joer, datt d'Lëtzebuerger Tennisfederatioun d'FLT Masters organiséiert.

De President Claude Lamberty: "Et ass zwar eréischt déi néngt Editioun, vu dass eng Kéier d'Corona -Paus dertëschent komm ass, mee an deenen zéng Joren ass et trotzdeem gelongen, en Evenement op d'Been ze setzen, wou d'Zil ëmmer war, d'Champione vun de Championen ze ermëttelen. Dat heescht déi beschten eenheemesch Spiller, déi déi dann och selektionabel sinn, fir eis Nationalekippen zesummen ze bréngen. Si musse sech qualifizéieren iwwer d'Saison an dann hues de automatesch och fir d'Kapitäne vun den Nationalekippen déi beschte Lëtzebuerger Spiller, déi do géinteneen untrieden. Ech ka just soen, déi lescht Deeg, souwuel Qualifikatioun wéi och den Haapttableau, den Niveau ass ganz gutt. Du mierks och richteg - d'Spiller déi kämpfen, d'Spiller, déi wëllen an deen Niveau un Tennis, deen een do gesäit. Dat ass schonn dat Bescht, wat de Lëtzebuerger Tennis um eenheemesche Circuit ze bidden huet. An ech ka jiddwerengem just recommandéieren, wierklech an den nationalen Tenniszenter op Esch ze kommen, elo de Weekend, wann d'Halleffinallen an d'Finallen ustinn. Dat ass ganz, ganz héijen Tennis vu Lëtzebuerger Nationalspiller, déi een do gesäit."

Den FLT-President Claude Lamberty

Ob de Gilles Kremer respektiv d'Lucie Rabiot hiren Titel kënne verdeedegen, oder ob sech en aneren FLT-Spiller an de Palmarès vun de Masters aschreift, ass dann e Sonndeg am spéiden Nomëtteg gewosst.

D'Finalen am CNT fänken e Sonndeg um 14 Auer un.