
Tëscht Dikrech a Stroossen ass et iwwer 5 Sätz gaangen. Déi éischt 3 Sette waren enk (26:24, 23:25, 25:23). Am véierte Saz konnt Stroossen sech mat 25:18 scho méi kloer duerchsetzen. Den decisiven Duerchgang war mat 15:9 dunn eng kloer Saach, sou dass de VC Stroossen an de Finallen op Luerenzweiler wäert treffen.
Bartreng wollt seng Chancen op d’Finallen nach net begruewen an hat mat 25:20 den éischte Saz géint de VC Luerenzweiler fir sech entscheet. Knapps ass et an den nächsten 2 Sätz hiergaangen, mat all Kéiers dem besseren Enn fir déi vu Luerenzweiler (25:23, 26:24). De 4. a leschte Saz konnten d’Hären aus dem Uelzechtdall kloer mat 25:16 gewannen.
Eng spannend Partie war et tëscht Walfer a Mamer. Déi éischt zwee Sätz gounge mat 28:26 a 25:27 ganz knapps aus. No dem drëtten (17:25) an dem véierten Duerchgang (25:18) war nach ëmmer keng Decisioun gefall, sou datt et an den decisive fënnefte Saz goung. Do konnte sech déi Mamer Damme mat 18:16 duerchsetzen an hunn domat de Best-of-Three-Modus fir sech decidéiert a stinn domat an de Finallen.
Kuckt hei de Replay vum Match.
Do wäert Mamer op d’Gym treffen. Deenen hiren zweete Match vun den Halleffinallen zu Stengefort war manner serréiert. D’Gym konnt sech kloer mat 3-0 duerchsetzen (15:25, 16:25 a 14:25).
Kuckt hei de Replay vum Match.