Damme vu Mamer an d'Stroossener Häre feiere Victoiren

© pressphoto (Archiv)
Bartreng huet bei den Hären och de Maximum vun de Punkten.
Um Samschdeg stoung bei den Dammen an den Hären de 5. Spilldag um Programm.
Hären
Stroossen hat keng Problemer fir sech 3:0 géint Dikrech duerchzesetzen. Bartreng an Iechternach hunn hier Matcher géint Luerenzweiler an Esch och kloer mat 3:0 gewonnen.
Dammen
Den Tabelleleader Mamer hat zu Bartreng Krämpes fir sech duerchzesetzen. Um Enn goung d'Leeschtung duer, fir zu Bartreng ganz knapp 3:2 ze gewannen. Den entscheedende Saz goung mat 19:17 un de Favorit.
An der Spëtzepartie huet Stengefort doheem 1:3 géint Péiteng verluer. D'Heemekipp hat den 1. Saz nach gewonnen. Duerno konnt Péiteng déi aner 3 Manchen awer fir dech entscheeden.
Walfer huet sech bei der Gym 3:0 behaapt. Eng kloer 3:0-Victoire gouf et och fir Esch zu Iechternach.