Um Samschdeg war den Optakt vum 8. Spilldag an der Enovos League bei den Dammen.

Dammen

Am Spëtzematch setzt sech de Champion GréngewaldHueschtert mat 86:77 géint den T71 Diddeleng duerch. Domat bleift de Champion dës Saison ongeschloen, fir Diddeleng ass et déi drëtte Néierlag.

D'Gäscht vun Diddeleng koume besser an de Match a louchen no 9 Minutten 29:19 a Féierung. Hueschtert huet bis zur Paus allerdéngs bal alles getraff, 10 vun 13 Versich vun der Dräierlinn sinn an den éischten 20 Minutten duerch de Filet gaangen an domat stoung et zur Paus 55:43 fir d'Lokalekipp. Diddeleng konnt sech kuerz viru Schluss bis op 4 Punkten erukämpfen (81:77), de Gréngewald huet awer déi lescht 5 Punkte vum Match markéiert. Eng staark Dräierquot (14/23) fir Hueschtert huet den Ënnerscheed gemaach, d'Amanda Cahill koum op 23 Punkten, donieft war d'Alexus Johnson mat 22 Punkten an 23 Rebounds wéi sou oft net ze stoppen.

D'Amicale Steesel wënnt däitlech mat 85:61 géint d'Musel Pikes. Bei der Lokalekipp huet d'Mikayla Ferenz 34 Punkte markéiert, d'Carmen Gfeller koum op 26 Punkten an 20 Rebounds. Bei de Pikes huet den Trainer Vincent Gevrey säin Debut gefeiert, donieft koum mam Brigitte Lefebvre-Okankwu eng nei Profispillerin zum Asaz.

Den AB Conter setzt sech auswäerts kloer mat 85:63 géint de Basket Esch duerch. D'Beyonce Bea konnt mat 24 Punkten a 13 Rebounds iwwerzeegen, d'Esmeralda Skrijelj hat 18 Punkten a 9 Assists um perséinleche Kont stoen.

Bescht Zeene vum Spilldag

Um Sonndeg huet d'Sparta Bartreng sech an engem eesäitege Match mat 100:59 géint Wolz duerchgesat. Schonn an der Paus louch d'Lokalekipp 53:23 a Féierung. 5 Spillerinne vun der Sparta hunn zweestelleg gescort, d'Kyaja Williams huet mat 29 Punkten iwwerzeegt.

Bei den Hären ass wéinst dem Lännermatch de 24. November géint Rumänien Paus an der Enovos League.