Clément Noël gewënnt éischte Slalom vun der Saison

© AFP
Am finnesche Levi koum den Henrik Kristoffersen op déi zweet Plaz, de Schwäizer Loic Meillard huet sech déi drëtt Plaz geséchert.
Dat finnescht Levi war d'Statioun fir den éischte Slalom vun der Saison am Schi Alpin.
De Fransous Clément Noël war a béiden Duerchgäng de Séiersten a stoung soumat verdéngt ganz uewen um Podium. Den Norweeger Henrik Kristoffersen, deen nom éischten Duerchgang just op Plaz 9 louch, huet sech mat engem fulminanten zweete Laf, deen och de séierste war, nach op déi zweet Plaz (+ 0,8) no vir geschafft.
De Schwäizer Loïc Meillard huet mat engem Retard vun 0,95 Sekonnen de Podium komplettéiert. De Lucas Braathen, de fréieren Norweeger an Nei-Brasilianer, gouf op en Neits 4., virum Tanguy Nef aus der Schwäiz.
De Marcel Hirscher, deen no 5 Joer Abstinenz nees um Parcours dobäi ass, huet et net bis an den zweeten Duerchgang gepackt.