Sebastian Carabin gewënnt 21. Editioun
De Parcours iwwer 57 Kilometer huet d'Leefer a Leeferinne vun Heischent bis op Léifreg a Bauschelt an nees zeréck gefouert.
1200 Leefer a Leeferinnen hate sech fir den Uewersauer Trail ageschriwwen, eng ganz Rëtsch dovunner fir d'Haaptcourse iwwer 57 Kilometer. Wéi an de leschte Jore waren och dës Kéier nees vill international Leefer dobäi, fir iwwer d'Éisleker Koppen ze lafen. Och, well et elo Punkte fir d'Weltranglëscht gëtt.
De Sebastian Carabin, Vizeweltmeeschter am Cross Duathlon, gewënnt den Uewersauer Trail, nodeem hien d'lescht Joer Zweete gi war. Hannert him koum den eréischt 19 Joer alen Hollänner Pablo van Hoorn iwwerraschend op déi 2. Plaz.
Beschte Lëtzebuerger gouf, wéi d'lescht Joer, de Luca Clees virum Dustin Rischard an Tom Weyer. Bei den Damme war de Podium aus Lëtzebuerger Siicht Shefi Xhaferaj, Karin Schank an Danièle Raach.