Et war en erfollegräicht éischt Sprangen zu Lillehammer fir den däitsche Verband. Am Schi Alpin huet de Clément Noël op en Neits de Slalom dominéiert.

Am Schi Alpin war de Clément Noël eng weider Kéier a senger eegener Liga ënnerwee a gewënnt de Slalom am éisträichesche Gurgl. Virun enger Woch stoung hie schonn am Slalom zu Levi ganz uewen um Podium. De Fransous louch schonn nom éischten Tour mat enger knapper Sekonn scho komfortabel vir, hat am zweete Laf awer e puer Feeler dran, sou dass seng Avance duerno just nach 43 Honnertstel ausgemaach huet. De Kristoffer Jacobsen aus Schweden an den Norweeger Atle Lie McGrath (+ 0,44) hunn de Podium komplettéiert. Fir déi Däitsch war et en Dag zum vergiessen, well kee Fuerer an den zweeten Duerchgang koum.

Et war e perfekten éischte Weltcup-Weekend fir de Pius Paschke. Den Däitschen stoung bei den dräi Schisprangen am norweegesche Lillehammer dräi Mol um Podium. No senger Victoire e Samschdeg stoung den Däitschen dës Kéier op dem zweeten Träpplek. D'Victoire war fir de Jan Hörl aus Éisträich, Drëtte gouf deem säi Landsmann Daniel Tschofenig. De Gewënner vum Gesamtweltcup 2023/24 Stefan Kraft huet et sou just net op de Podium gepackt.

Bei den Damme konnt sech Däitschland iwwer eng duebel Victoire freeën. D'Katharina Schmid an d'Selina Freitag waren am wäitste resp. zweetwäitste gesprongen. D'Éisträicherin Lisa Eder koum och nach op de Podium.