Kee Gewënner tëscht Tottenham a Roum, 3 Punkte fir Union Saint-Gilloise

© Photo by JUSTIN TALLIS / AFP
An der Europa League war et en Donneschdeg de 5. Spilldag.
Eng wäiss West fir de Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris an e ganz fréie Gol, deen d'Partie decidéiert huet. Esou kann ee séier de Match tëscht Twente Enschede an der Union Saint-Gilloise resuméieren. Den eenzege Gol an dëser Partie ass nämlech schonn an der 11. Minutt duerch de Fuseini gefall. Mat der éischter Victoire fir d'Belsch spréngt d'Union elo op d'Plaz 24, déi lescht, mat där si sech nach kënne fir d'Playoffs qualifizéieren.
Just hannert dem Veräin aus der Belsch fënnt een an der Tabell dann d'TSG Hoffenheim. De Veräin aus der Bundesliga hätt zu Braga d'Chance gehat, an der Tabell no vir ze kommen, ma et gouf eng kloer 0:3-Néierlag géint d'Portugisen. Schonn no 8 Minutte war Braga duerch de Bruma (2') an de Fernandes (8') zwee Null a Féierung. Da Sak zougemaach huet de Vitor Carvalho an der 95. Minutt.
E Spëtzematch op d'mannst vun den Nimm hier gouf an der Peripherie vu London gespillt. D'AS Roum war nämlech bei Tottenham Hotspur op Besuch. D'Heemekipp war ëmmer nees vir, wéi duerch den 1:0 vum Son Heung-Min vum Punkt an der 5. Minutt oder den Johnson an der 33., ma d'Réimer koumen duerch den N'Dicka an der 20. an den Hummels an der 91. ëmmer nees zeréck. Fir d'Gäscht wier esouguer nach méi dra gewiescht, ma zwee Mol huet sech de VAR agemëscht an e Gol wéinst Abseits annuléiert.