Nottingham klappt Manchester United, Real Madrid klappt Girona

© AFP
Manchester City spillt just 2:2 géint Crystal Palace. A Spuenien huet Barcelona a leschter Minutt den Ausgläich geschoss krut.
An och an der däitscher Bundesliga gouf gespillt. Hei konnte sech ënnert anerem Bayern München an och Bayer Leverkusen duerchsetzen.
Premier League
FC Everton - FC Liverpool
Wéinst de schlechte Wiederprevisioune gouf de Merseyside-Derby tëscht Everton a Liverpool annuléiert. Weider Detailer fannt dir hei.
Aston Villa - FC Southampton 1:0
1:0 Duran (24')
Crystal Palace - Manchester City 2:2
1:0 Munoz (4'), 1:1 Haaland (30'), 2:1 Lacroix (56'), Lewis (68')
Ënnert der Woch konnt Manchester City no 7 Matcher ouni Victoire géint Nottingham endlech mol nees gewannen, géint Crystal Palace gouf et um Samschdeg awer nees de nächste Réckschlag fir Haaland a Co. Direkt zwee mol louchë Cityzens a Réckstand, an hate Chance, dass d'Lokalekipp virun allem an der 1. Hallschent net nach e Gol méi markéiere konnt. City hat dogéint Pech beim Gündogan senger Chance, de just un de Potto gaangen ass. Alles an allem ass et e gerechte Remis tëscht béid Ekippen.
Manchester United - Nottingham Forest 2:3
0:1 Milenkovic (2'), 1:1 Hojlund (18'), 1:2 Gibbs-White (47'), 1:3 Wood (54'), 2:3 Fernandes (61')
7 Matcher um Stéck huet Manchester United doheem net mei verluer, Nottingham Forest huet déi Serie um Samschdeg den Owend gebrach a gewënnt no iwwer 30 Joer mol nees eng Kéier am Old Trafford. Virun allem den Ufank vun der 1. an der 2. Hallschent huet d'Lokalekipp komplett verschlof an huet an dëser Phase dann och hier 3 Géigegoler kasséiert. Duerch Goler vum Hojlund a Fernandes ass e wuel ëmmer nees bei komm,zu engem Punktegewënn sollt et awer net duergoen.
Nottingham stee elo op der 5. Plaz an der Tabell, iwwerdeems Manu op der 13 erëm ze fannen ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
Juventus Turin - FC Bologna 2:2
0:1 Ndoye (30'), 0:2 Pobega (53'), 1:2 Koopmeiners (62'), 2:2 Mbangula (90+2')
Juventus Turin ka sech um Enn glécklech schätzen nach 1 Punkt geholl ze hunn, louch een dach no 52. Minutte mat 0:2 géint Bologna a Réckstand. De Mbangula huet an der Nospillzäit de 2:2-Ausgläich konnte markéieren. Juve bleift domat weider ongeschloen, huet a 15 Matcher elo allerdéngs schonn 9 mol Remis gespillt.
AS Roum - US Lecce 4:1
1:0 Saelemaekers (13'), Krstovic (40'), 2:1 Mancii (59'), 3:1 Pisilli (66'), 4:1 Kone (86')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
AS Monaco - FC Toulouse 2:0
1:0 Singo (50'), 2:0 Embolo (82')
OGC Nice - AC Le Havre 2:1
1:0 Laborde (55'), 2:0 Bouanani (75'), 2:1 Lloris (90+2')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Betis Sevilla - FC Barcelona 2:2
0:1 Lewandowski (39'), 1:1 Lo Celso (68'), 1:2 Torres (83'), 2:2 Dia (90+4')
E turbulente Match hunn d'Spectateuren zu Sevilla gesinn. D'Lokalekipp hat fréi am Match gutt Chancen, konnt doraus awer kee Kapital schloen. An der Suite hat Barcelona vill mei Ballbesëtz an ass duerch de Lewandowski a Féierung gaangen. An deenen zweete 45 Minutten ass et hin an hier gaangen. An der 68. Minutt ass Betis per Eelefmeter zum Ausgläich komm. De Hansi Flick, Trainer vun de Katalanen, huet sech iwwert d'Entscheedung vum Arbitter ferm opgereegt, a krut doropshin déi Rout Kaart gewisen. Barca ass duerch den Torres wuel nach emol a Féierung gaangen, den Dia huet an der Nospillzäit awer nach de verdéngten Ausgläich fir Betis konnte markéieren.
FC Girona - Real Madrid 0:3
0:1 Bellingham (36'), 0:2 Guler (55'), 0:3 Mbappe (62')